kasséieren

Lëtzebuergesch
English
to pocket
Français
empocher
Deutsch
einstreichen
Type
VRB
Synonym
astiechen; asäckelen
Auxiliary
hunn
Participe passé
kasséiert

Aussprooch (IPA)

[kɑsˈɜɪəʀən]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

ëmgangssproochlech

Deutsch
kassieren; einstecken; einstreichen
Français
encaisser; empocher
English
to pocket (money)
Português
cobrar; embolsar; meter ao bolso
Nederlands
vangen; in zijn zak steken (geld)

Synonymer

asäckelen · astiechen

Bedeitung 2

ëmgangssproochlech

Deutsch
kassieren (hinnehmen müssen)
Français
encaisser (subir)
English
to have to take (to undergo)
Português
sofrer; levar (ser alvo de)
Nederlands
incasseren; krijgen (een uitbrander)

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • kasséier
  • kasséieren
  • kasséiers
  • kasséiert
  • kasséiertem
  • kasséierten
  • kasséierter

Beispillsätz

  1. fir déi wéineg Aarbecht huet de Plätterchersleeër vill Sue kasséiert

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: encaisser; empocher

  2. deen onéierleche Kärel huet jorelaang Primme kasséiert , déi e guer net zegutt hat

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: encaisser; empocher

  3. d'Ekipp huet no zwou Minutte schonn den éischte Gol kasséiert

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 2: encaisser

  4. well en Dommheete gemaach hat, huet dee Klengen eng kräfteg Panzrappecht kasséiert

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 2: encaisser

Konjugatioun

Infinitiv
kasséieren
Partizip
kasséiert
Hëllefsverb
hunn
Indikativ · Present
ech
kasséieren
du
kasséiers
hien / hatt / si
kasséiert
mir
kasséieren
dir
kasséiert
si
kasséieren
Indikativ · Passé composé
ech
hu kasséiert
du
hues kasséiert
hien / hatt / si
huet kasséiert
mir
hu kasséiert
dir
hutt kasséiert
si
hu kasséiert
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
hat kasséiert
du
has kasséiert
hien / hatt / si
hat kasséiert
mir
hate kasséiert
dir
hat kasséiert
si
hate kasséiert
Conditionnel · Present
ech
géif / géing kasséieren
du
géifs / géings kasséieren
hien / hatt / si
géif / géing kasséieren
mir
géifen / géinge kasséieren
dir
géift / géingt kasséieren
si
géifen / géinge kasséieren
Conditionnel · Passé
ech
hätt kasséiert
du
häss kasséiert
hien / hatt / si
hätt kasséiert
mir
hätte kasséiert
dir
hätt kasséiert
si
hätte kasséiert
Imperativ · Present
du
kasséier!
dir
kasséiert!

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →