kommen

Lëtzebuergesch
English
to come; to wind up; to fall under; to belong; to be able to reach; to be on; to come by; to manage to get into; to be coming into; to manage to get hold of; to come from; to get to the bottom of; to come to; to find; to find the opportunity to; to lose; to end in
Français
venir; arriver; terminer; se retrouver; se retrouver (soudainement); être originaire; se mettre; réussir à atteindre; passer; se procurer; arriver à entrer dans; entrer en; arriver à joindre; venir de; réussir à savoir; arriver à; trouver; trouver l'occasion de (faire); reprendre connaissance; (en venir à) perdre; jouir; aboutir à; revenir à
Deutsch
kommen; geraten; kommen an; passen in; kommen in; erreichen können; kommen von; kommen hinter; kommen auf; kommen zu; zu sich kommen; kommen um; (zu stehen) kommen
Type
VRB
Synonym
gehéieren; kaschten; sinn; geroden
Auxiliary
sinn
Participe passé
komm

Aussprooch (IPA)

[kˈomən]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
kommen (sich nähern, sich begeben)
Français
s'approcher; venir
English
to come (to approach, to get to)
Português
aproximar-se; vir
Nederlands
komen (naderen)

Bedeitung 2

Deutsch
kommen (ankommen)
Français
arriver (en un lieu)
English
to come (to arrive)
Português
chegar (a um lugar)
Nederlands
komen (aankomen)

Bedeitung 3

Deutsch
kommen (sich begeben, um zu)
Français
venir (se déplacer dans l'intention de)
English
to come (to arrive in order to)
Português
vir (deslocar-se com intenção de)
Nederlands
komen (zich verplaatsen met het doel)

Bedeitung 4

Deutsch
kommen (einen Platz belegen)
Français
terminer (se classer)
English
to come (to rank)
Português
terminar (classificar-se)
Nederlands
komen (zich klasseren)

Bedeitung 5

Deutsch
kommen (enden)
Français
finir; se retrouver (comme conséquence d'un comportement)
English
to end up; to wind up
Português
acabar; ir parar (em consequência de um comportamento)
Nederlands
komen (eindigen)

Bedeitung 6

Deutsch
geraten (ungewollt gelangen)
Français
se retrouver (soudainement) (par accident, par hasard)
English
to end up; to fall under
Português
ficar (de repente) (por acidente, por acaso)
Nederlands
komen (ongewild terechtkomen)

Synonymer

geroden

Bedeitung 7

Deutsch
kommen (stammen)
Français
être originaire
English
to come (to originate)
Português
ser originário; ser oriundo
Nederlands
komen (afkomstig zijn)

Synonymer

sinn

Bedeitung 8

Deutsch
kommen (hingehören)
Français
se ranger; se mettre (devoir être, avoir sa place)
English
to go; to belong
Português
colocar-se (dever estar, ter o seu lugar)
Nederlands
komen (thuishoren)

Synonymer

gehéieren

Bedeitung 9

Deutsch
kommen (eintreten, sich ereignen)
Français
venir (se produire)
English
to come (to happen)
Português
vir (acontecer, surgir)
Nederlands
komen (zich voordoen)

Synonymer

sinn

Bedeitung 10

Deutsch
kommen (reichen können)
Français
arriver (à toucher); réussir à atteindre
English
to be able to touch; to be able to reach
Português
(conseguir) chegar (conseguir tocar, conseguir alcançar)
Nederlands
komen (kunnen aanraken)

Bedeitung 11

Deutsch
kommen (gesendet werden, gezeigt werden)
Français
passer (être diffusé)
English
to be on (to be broadcast)
Português
passar (ser transmitido, ser mostrado)
Nederlands
komen (uitgezonden worden)

Bedeitung 12

Deutsch
kommen an (sich in den Besitz bringen von)
Français
obtenir; se procurer
English
to come by (to acquire)
Português
arranjar; conseguir (obter, adquirir)
Nederlands
komen aan (zich verschaffen)

Bedeitung 13

Deutsch
kommen in; passen in (hineingelangen können)
Français
arriver à entrer dans
English
to manage to get into
Português
conseguir entrar em; caber em
Nederlands
komen in (bereiken, passen in)

Bedeitung 14

Deutsch
kommen in (aufgenommen werden in, beginnen mit)
Français
entrer en (commencer à être dans)
English
to start (to attend, to reach)
Português
entrar em (começar a frequentar, começar a estar em)
Nederlands
komen in (beginnen met)

Bedeitung 15

Deutsch
erreichen können (in Verbindung treten können mit)
Français
arriver à joindre (arriver à entrer en contact avec)
English
to manage to get hold of (to contact)
Português
conseguir ligar a (conseguir entrar em contacto com)
Nederlands
bereiken (in verbinding komen)

Bedeitung 16

Deutsch
kommen von (zurückzuführen sein auf)
Français
venir de (être dû à)
English
to come from (to be due to)
Português
vir de (ser devido a)
Nederlands
komen van (het gevolg zijn van)

Bedeitung 17

Deutsch
kommen hinter (herausfinden)
Français
réussir à comprendre; réussir à savoir
English
to get to the bottom of
Português
conseguir descobrir; vir a saber
Nederlands
achter (iets) komen (opsporen, ontdekken)

Bedeitung 18

Deutsch
kommen auf (ein Resultat)
Français
arriver à (un résultat calculé)
English
to come to (a result, a total)
Português
chegar a (um resultado calculado)
Nederlands
komen op (een totaal, een resultaat)

Bedeitung 19

Deutsch
kommen auf (sich erinnern an, herausfinden)
Français
se rappeler de; trouver (mentalement)
English
to recall; to find; to think of
Português
lembrar-se de; encontrar (mentalmente)
Nederlands
komen op (zich herinneren, ontdekken)

Bedeitung 20

Deutsch
kommen zu (Zeit, Gelegenheit finden für)
Français
trouver le temps de (faire); trouver l'occasion de (faire)
English
to find the time to; to find the opportunity to
Português
ter tempo para (fazer); conseguir (fazer)
Nederlands
toekomen aan (tijd vinden voor, gelegenheid hebben om)

Bedeitung 21

Deutsch
kommen um (verlieren)
Français
(en venir à) perdre
English
to lose
Português
(chegar a) perder
Nederlands
verliezen

Bedeitung 22

ëmgangssproochlech

Deutsch
Mist bauen; einen Bock schießen
Français
faire une connerie; merder
English
to screw up
Português
meter os pés pelas mãos; fazer asneira
Nederlands
er een puinhoop van maken; een bok schieten

Synonymer

eng fléie loossen · sech eng leeschten

Bedeitung 23

ëmgangssproochlech

Deutsch
einen Witz reißen; einen Scherz machen
Français
raconter une blague; faire une plaisanterie
English
to crack a joke
Português
contar uma piada; fazer brincadeiras
Nederlands
een grap maken

Bedeitung 24

ëmgangssproochlech

Deutsch
kommen (einen Orgasmus haben)
Français
jouir (avoir un orgasme)
English
to come (to have an orgasm)
Português
vir-se (atingir o orgasmo)
Nederlands
komen; klaarkomen (een orgasme krijgen)

Bedeitung 25

Deutsch
kommen zu (enden in, führen zu)
Français
se terminer en; aboutir à
English
to come to; to end in
Português
(chegar a) haver
Nederlands
komen tot (plaatsvinden)

Bedeitung 26

ëmgangssproochlech

Deutsch
(zu stehen) kommen (kosten)
Français
revenir à (coûter)
English
to come to (to cost)
Português
ficar em (custar)
Nederlands
(moeten) kosten

Synonymer

kaschten

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • eng komme loossen
  • kéim
  • kéimen
  • kéims
  • kéimt
  • kënns
  • kënnt
  • komm
  • komme vun
  • kommen
  • kommen an
  • kommen ëm
  • kommen hanner
  • kommen op
  • kommen un
  • kommen zu
  • kommt
  • koum
  • koumen
  • koums
  • koumt

Beispillsätz

  1. kenns du de Mann, deen do kënnt ?

    Bedeitung 1: s'approcher; venir

  2. ech kommen haut mam Auto op d'Aarbecht

    Bedeitung 1: s'approcher; venir

  3. déi zwee si sech méi no komm

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: s'approcher; venir

  4. direkt hanner dem Tunnel kënnt eng Bréck

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: s'approcher; venir

  5. kënns de net haut, da kënns de muer!

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: s'approcher; venir

  6. mir sinn eng hallef Stonn ze spéit komm

    Bedeitung 2: arriver

  7. dee Bréif ass gëschter mat der Post komm

    Bedeitung 2: arriver

  8. ech kommen dech géint zwou Auer sichen

    Bedeitung 3: venir

  9. hien ass all Dag no mir kucke komm

    Bedeitung 3: venir

  10. de jonke Leefer ass bei der Course op déi éischt Plaz komm

    Bedeitung 4: terminer

  11. hie kënnt nach an de Prisong, wann en esou weidermécht!

    Bedeitung 5: finir; se retrouver

  12. hien ass ënner e Camion komm

    Bedeitung 6: se retrouver (soudainement)

  13. mäin Noper kënnt aus dem Süden

    Bedeitung 7: être originaire

  14. d'Strëmp kommen an den zweeten Tirang

    Bedeitung 8: se ranger; se mettre

  15. et muss een déi Saach alt huelen, wéi se kënnt !

    Bedeitung 9: venir

  16. kënns du mat de Fangerspëtze bis op de Buedem?

    Bedeitung 10: arriver (à toucher); réussir à atteindre

  17. ech kommen net un d'Saachen uewen am Schaf

    Bedeitung 10: arriver (à toucher); réussir à atteindre

  18. et kënnt een net gutt mat der Kierbiischt hanner de Schaf

    Bedeitung 10: arriver (à toucher); réussir à atteindre

  19. den Owend kënnt e flotte Film um Fernsee

    Bedeitung 11: passer

  20. hien huet sech richteg ugeluecht, fir un e Verméigen ze kommen

    Bedeitung 12: obtenir; se procurer

  21. zënter d'Strooss opgerappt ass, komme mer net méi mam Auto an d'Garage

    Bedeitung 13: arriver à entrer dans

  22. ech hu fënnef Kilo zougeholl, ech kommen net méi a mäi Gezei!

    Bedeitung 13: arriver à entrer dans

  23. eist Klengt kënnt elo an d'éischt Schouljoer

    Bedeitung 14: entrer en

  24. de Bouf kënnt an de Stëmmbroch

    Bedeitung 14: entrer en

  25. säin Handy ass aus, ech kommen net un en

    Bedeitung 15: arriver à joindre

  26. hie behaapt, säin Houscht kéim net vum Fëmmen

    Bedeitung 16: venir de

  27. mir sinn endlech hanner dat Räätsel komm

    Bedeitung 17: réussir à comprendre; réussir à savoir

  28. wa mer alles zesummerechnen, da komme mer op 1200 Euro

    Bedeitung 18: arriver à

  29. wéi ech se all gezielt hat, sinn ech op 30 Leit komm

    Bedeitung 18: arriver à

  30. ech kommen net méi op Ären Numm!

    Bedeitung 19: se rappeler de; trouver

  31. eleng wier ech net op déi Äntwert komm !

    Bedeitung 19: se rappeler de; trouver

  32. ech kommen an der Lescht zu näischt!

    Bedeitung 20: trouver le temps de (faire); trouver l'occasion de (faire)

  33. mir sinn emol net derzou komm , fir e puer Fotoen ze maachen!

    Bedeitung 20: trouver le temps de (faire); trouver l'occasion de (faire)

  34. beim Accident sinn dräi Leit ëm d'Liewe komm

    Bedeitung 21: (en venir à) perdre

  35. hien ass beim Spekuléieren ëm säi ganzt Verméige komm

    Bedeitung 21: (en venir à) perdre

  36. hatt ass bal ëm de Verstand komm !

    Bedeitung 21: (en venir à) perdre

  37. maach, datt s de net schonn den éischten Dag eng komme léiss!

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 22: faire une connerie; merder

  38. hien ass op senger Plaz geflunn, well en der ze vill komme gelooss huet

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 22: faire une connerie; merder

  39. wat hu mir deen Owend gelaacht, de Monni huet eng no där anerer komme gelooss!

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 23: raconter une blague; faire une plaisanterie

  40. wéi mer déi éischte Kéier matenee geschlof hunn, sinn ech séier komm

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 24: jouir

  41. gëschter koum et am Bistro zu enger Kläpperei

    Bedeitung 25: se terminer en; aboutir à

  42. sot, Meeschter, wat kënnt dee Spaass do?

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 26: revenir à

Konjugatioun

Infinitiv
kommen
Partizip
komm
Hëllefsverb
sinn
Indikativ · Present
ech
kommen
du
kënns
hien / hatt / si
kënnt
mir
kommen
dir
kommt
si
kommen
Indikativ · Imparfait
ech
koum
du
koums
hien / hatt / si
koum
mir
koumen
dir
koumt
si
koumen
Indikativ · Passé composé
ech
si komm
du
bass komm
hien / hatt / si
ass komm
mir
si komm
dir
sidd komm
si
si komm
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
war komm
du
waars komm
hien / hatt / si
war komm
mir
ware komm
dir
waart komm
si
ware komm
Conditionnel · presentSimple
ech
kéim
du
kéims
hien / hatt / si
kéim
mir
kéimen
dir
kéimt
si
kéimen
Conditionnel · Present
ech
géif / géing kommen
du
géifs / géings kommen
hien / hatt / si
géif / géing kommen
mir
géifen / géinge kommen
dir
géift / géingt kommen
si
géifen / géinge kommen
Conditionnel · Passé
ech
wier komm
du
wiers komm
hien / hatt / si
wier komm
mir
wiere komm
dir
wiert komm
si
wiere komm
Imperativ · Present
du
komm!
dir
kommt!

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →