- English
- hole [hollow place]; hole [opening]
- Français
- trou [creux, cavité]; trou [orifice, vide]
- Deutsch
- Loch [Vertiefung]; Loch [Öffnung, leere Stelle]
- Type
- SUBST N
- Plural
- Lächer
[lɑχ]
Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.
op der Bauplaz grieft de Bagger e Lach
Bedeitung 1: trou
hie säift ewéi e Lach !
Bedeitung 1: trou
dat Duerf läit am Lach
Bedeitung 1: trou
d'Dübbele sinn ze kleng fir d'Lächer , déi s de gebuert hues
Bedeitung 2: trou
d'Matten hu Lächer a meng Jackett gefriess
Bedeitung 2: trou
ech krut beim Contrôle technique e Lach
Bedeitung 2: trou
elo hunn ech de Kaffi an dat falscht Lach kritt!
Bedeitung 2: trou
ech muss geschwënn eppes iessen, ech hu schonn e richtegt Lach am Bauch
Bedeitung 2: trou
ech hunn deem emol gewisen, wou de Bock d'Lach huet!
Bedeitung 2: trou
dat Klengt freet engem e Lach an de Bauch
Bedeitung 2: trou
d'Firma huet e Lach an der Keess
Bedeitung 2: trou
de Chef hat meng Bemierkung an dat falscht Lach kritt
Bedeitung 2: trou
déi zwee schäissen duerch ee Lach !
Bedeitung 2: trou
hie päift um leschte Lach !
Bedeitung 2: trou
mäin Zänndokter sot mer, datt ech e Lach am Zant hätt
Bedeitung 3: carie (dentaire)
nodeem eise Klenge vun der Mauer gefall war, hat en e Lach am Kapp
Bedeitung 4: blessure à la tête