liesen

Lëtzebuergesch
English
to read; to read aloud
Français
lire
Deutsch
lesen
Type
VRB
Auxiliary
hunn
Participe passé
gelies

Aussprooch (IPA)

[lˈiəzən]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
lesen (einen Text)
Français
lire (un texte)
English
to read (a text)
Português
ler (um texto)
Nederlands
lezen (een tekst)

Bedeitung 2

Deutsch
lesen (entziffern, deuten)
Français
lire (déchiffrer, interpréter)
English
to read (to decipher, to interpret)
Português
ler (decifrar, interpretar)
Nederlands
lezen (ontcijferen, duiden)

Bedeitung 3

Deutsch
lesen (vorlesen)
Français
lire (faire la lecture de)
English
to read out; to read aloud
Português
ler (recitar, declamar)
Nederlands
lezen (voorlezen)

Bedeitung 4

Deutsch
lesen (das Lesen beherrschen)
Français
lire (maîtriser la lecture)
English
to read (to be able to read)
Português
ler (dominar a leitura)
Nederlands
lezen (het lezen beheersen)

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • gelies
  • lies
  • liesen
  • liest

Beispillsätz

  1. ech liese grad e spannend Buch

    Bedeitung 1: lire

  2. beim Kaffi liesen ech gären d'Zeitung

    Bedeitung 1: lire

  3. hien huet vu Klengem un e Brëll gebraucht fir ze liesen

    Bedeitung 1: lire

  4. d'Famill huet fir de Verstuerwenen eng Mass liese gelooss

    Bedeitung 1: lire

  5. am éischte Joer Solfège léiert een Noute liesen

    Bedeitung 2: lire

  6. déi kleng Schrëft liest sech net gutt

    Bedeitung 2: lire

  7. wann s du d'Kaart richteg gelies häss , hätte mer eis net verrannt!

    Bedeitung 2: lire

  8. hatt ka Gedanke liesen

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 2: lire

  9. op der Präisiwwerreechung huet d'Schrëftstellerin (en Extrait) aus hirem Roman gelies

    Bedeitung 3: lire

  10. mäi klenge Brudder léiert liesen

    Bedeitung 4: lire

  11. fréier konnte vill Leit net liesen an net schreiwen

    Bedeitung 4: lire

  12. kanns de net liesen ?

    IRON

    Bedeitung 4: lire

Konjugatioun

Infinitiv
liesen
Partizip
gelies
Hëllefsverb
hunn
Indikativ · Present
ech
liesen
du
lies
hien / hatt / si
liest
mir
liesen
dir
liest
si
liesen
Indikativ · Passé composé
ech
hu gelies
du
hues gelies
hien / hatt / si
huet gelies
mir
hu gelies
dir
hutt gelies
si
hu gelies
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
hat gelies
du
has gelies
hien / hatt / si
hat gelies
mir
hate gelies
dir
hat gelies
si
hate gelies
Conditionnel · Present
ech
géif / géing liesen
du
géifs / géings liesen
hien / hatt / si
géif / géing liesen
mir
géifen / géinge liesen
dir
géift / géingt liesen
si
géifen / géinge liesen
Conditionnel · Passé
ech
hätt gelies
du
häss gelies
hien / hatt / si
hätt gelies
mir
hätte gelies
dir
hätt gelies
si
hätte gelies
Imperativ · Present
du
lies!
dir
liest!

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →