maachen

Lëtzebuergesch
English
to make; to take; to cause; to put; to do; to make sure that; to wee; to press hard; to pretend; to do well
Français
faire; faire (à partir de); rendre; mettre; faire en sorte que; faire pipi; malmener; faire semblant; faire des progrès; se mettre en route
Deutsch
tun; machen; machen (aus); dafür sorgen, dass; (mit Gewalt) zusetzen; so tun (als ob); sich machen; sich auf den Weg machen
Type
VRB
Synonym
derfir suergen, datt
Auxiliary
hunn
Participe passé
gemaach; gemaacht

Aussprooch (IPA)

[mˈaːχən]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
machen; tun (eine Tätigkeit)
Français
faire (effectuer)
English
to do; to make (an activity; an application, an outing)
Português
fazer (efetuar)
Nederlands
doen; maken (een activiteit)

Bedeitung 2

Deutsch
machen (pflegen, zurechtmachen)
Français
faire (entretenir, arranger)
English
to do; to make (gardening; a bed)
Português
fazer (cuidar de, arranjar)
Nederlands
onderhouden; opmaken (tuin; bed)

Bedeitung 3

Deutsch
machen (aus) (produzieren, fertigen)
Français
faire (à partir de) (fabriquer, produire, réaliser)
English
to make (from); to produce (from); to take (a photo)
Português
fazer (a partir de) (fabricar, produzir, realizar)
Nederlands
maken (van) (produceren (van))

Bedeitung 4

Deutsch
machen (betragen, ergeben)
Français
faire (avoir pour résultat)
English
to make (to equal)
Português
fazer (ter como resultado)
Nederlands
zijn (bedragen, resulteren in)

Bedeitung 5

Deutsch
machen (verursachen)
Français
faire (causer)
English
to make; to cause
Português
causar; fazer
Nederlands
maken (veroorzaken)

Bedeitung 6

Deutsch
machen (werden lassen)
Français
rendre (faire devenir)
English
to make (to cause to become)
Português
fazer ficar; tornar
Nederlands
maken (laten worden)

Bedeitung 7

Deutsch
tun (legen, stellen, setzen)
Français
mettre (disposer, placer)
English
to put (to place)
Português
pôr; meter (dispor, colocar)
Nederlands
doen (leggen, zetten, plaatsen)

Bedeitung 8

Deutsch
machen (zugestehen, geben)
Français
faire (accorder, donner)
English
to give; to do; to make (a good price; a favour; a gift)
Português
fazer; conceder; dar
Nederlands
geven (verlenen)

Bedeitung 9

Deutsch
sich etwas machen aus; sich zu Herzen nehmen
Français
se préoccuper de; prendre à cœur
Português
fazer caso de; levar a sério; levar muito a peito
Nederlands
iets ter harte nemen; zich iets aantrekken van

Bedeitung 10

Deutsch
mach dir keine Sorgen
Français
ne t'inquiète pas; ne te fais pas de soucis
Português
não te preocupes
Nederlands
maak je geen zorgen

Synonymer

maach der keng Gedanken · maach der keng Suergen

Bedeitung 11

Deutsch
machen (eine Äußerung)
Français
faire (exprimer)
English
to make (a comment)
Português
fazer (exprimir)
Nederlands
maken (een opmerking)

Bedeitung 12

Deutsch
machen (handeln)
Français
faire (agir)
English
to do (to take action)
Português
fazer (agir)
Nederlands
doen (handelen)

Bedeitung 13

Deutsch
dafür sorgen, dass
Français
faire en sorte que
English
to make sure that
Português
fazer questão de que; fazer com que
Nederlands
ervoor zorgen dat

Synonymer

derfir suergen, datt

Bedeitung 14

Deutsch
machen (seine Notdurft verrichten)
Français
faire caca; faire pipi
English
to poo; to wee
Português
fazer cocó; fazer chichi
Nederlands
zijn behoefte doen

Bedeitung 15

ëmgangssproochlech

Deutsch
(mit Gewalt) zusetzen
Français
malmener
English
to lay into; to press hard (to handle roughly; an opponent)
Português
agredir (com violência); atacar (energicamente)
Nederlands
te lijf gaan (mishandelen)

Bedeitung 16

Deutsch
so tun (als ob)
Français
faire (comme si); faire semblant
English
to act (as if); to pretend
Português
fazer (que); fingir
Nederlands
doen alsof

Bedeitung 17

Deutsch
sich machen (Fortschritte machen)
Français
progresser; faire des progrès
English
to do well (to make progress)
Português
progredir; fazer progressos
Nederlands
het goed doen (vorderingen maken)

Bedeitung 18

Deutsch
sich auf den Weg machen
Français
partir; se mettre en route
English
to head off; to leave
Português
partir; pôr-se a caminho
Nederlands
op pad gaan; vertrekken

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • gemaach
  • gemaacht
  • gemaachtem
  • gemaachten
  • gemaachter
  • maach
  • maach der näischt ze dinn
  • maache bei
  • maachen
  • maachen (aus)
  • maachen, datt
  • maacht
  • méchs
  • mécht
  • méich
  • méichen
  • méichs
  • méicht
  • mouch
  • mouchen
  • mouchs
  • moucht
  • sech (op de Wee) maachen
  • sech eppes maachen aus
  • sech maachen

Beispillsätz

  1. wat méchs du do?

    Bedeitung 1: faire

  2. hie mécht vill Sport

    Bedeitung 1: faire

  3. d'Schoulklass huet en Ausfluch gemaach

    Bedeitung 1: faire

  4. du bass aus dem Alter eraus, wou een esou Dommheete mécht !

    Bedeitung 1: faire

  5. fir e Subsid ze kréien, muss de eng Demande maachen

    Bedeitung 1: faire

  6. mat mir méchs de net, wat s de wëlls!

    Bedeitung 1: faire

  7. du méchs dat!

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: faire

  8. ech hunn näischt gemaach !

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: faire

  9. esou eppes mécht een net!

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: faire

  10. wat mécht däi futtisse Knéi?

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: faire

  11. wie mécht de Clown?

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: faire

  12. wien näischt mécht , deen näischt brécht!

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: faire

  13. dëst Joer hunn ech de Gaart net selwer gemaach

    Bedeitung 2: faire

  14. d'Better sinn nach net gemaach

    Bedeitung 2: faire

  15. ouni Hief méchs de kee klassesche Pizzasdeeg

    Bedeitung 3: faire (à partir de)

  16. mir maachen eise Jelli selwer

    Bedeitung 3: faire (à partir de)

  17. eis Nopere maache Viz aus hiren Äppel

    Bedeitung 3: faire (à partir de)

  18. an der Vakanz hu mir vill Fotoe gemaach

    Bedeitung 3: faire (à partir de)

  19. hien ass net fir dës Aarbecht gemaach

    Bedeitung 3: faire (à partir de)

  20. domat kann ee vill Sue maachen

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 3: faire (à partir de)

  21. eise Klenge mécht grad Zänn

    Bedeitung 3: faire (à partir de)

  22. mir ginn all Wanter an de Bësch Holz maachen

    Bedeitung 3: faire (à partir de)

  23. 2 an 2 mécht 4

    Bedeitung 4: faire

  24. dat mécht 50 Euro

    Bedeitung 4: faire

  25. déi Sau mécht 100 Kilo

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 4: faire

  26. du brauchs him keng Blummen ze schécken, eng Kaart mécht et och

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 4: faire

  27. dëse Summer huet d'Dréchent vill Schued gemaach

    Bedeitung 5: faire

  28. d'Autoe maache Kaméidi

    Bedeitung 5: faire

  29. du hues eis scho genuch Misär gemaach !

    Bedeitung 5: faire

  30. wann ech owes spéit ënnerwee sinn, mécht meng Mamm sech ëmmer Suergen

    Bedeitung 5: faire

  31. dat mécht näischt!

    Bedeitung 5: faire

  32. déi Nouvelle huet mech trauereg gemaach

    Bedeitung 6: rendre

  33. d'Kanner maachen ee geckeg mat hirem Gejäiz!

    Bedeitung 6: rendre

  34. maach d'Saachen an d'Mall!

    Bedeitung 7: mettre

  35. si huet zwou nei Batterien an de Wecker gemaach

    Bedeitung 7: mettre

  36. de Verkeefer huet eis e gudde Präis gemaach

    Bedeitung 8: faire

  37. mir hunn him eng Faveur gemaach

    Bedeitung 8: faire

  38. hien huet mir e klenge Kaddo gemaach

    Bedeitung 8: faire

  39. maacht mer e puer Tranchen Ham!

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 8: faire

  40. de Schüler mécht sech näischt aus senger Datz

    Bedeitung 9: se préoccuper de; prendre à cœur

  41. maach der dach net esou vill aus deem Topert senge Remarken!

    Bedeitung 9: se préoccuper de; prendre à cœur

  42. hatt mécht sech eppes draus, wann een et kritiséiert

    Bedeitung 9: se préoccuper de; prendre à cœur

  43. maach der näischt ze dinn, et wäert alles riicht ausgoen!

    Bedeitung 10: ne t'inquiète pas; ne te fais pas de soucis

  44. du hues eng interessant Bemierkung gemaach

    Bedeitung 11: faire

  45. hie mécht hir dacks Komplimenter

    Bedeitung 11: faire

  46. maach , wéi s de wëlls!

    Bedeitung 12: faire

  47. maach , datt keen eppes gewuer gëtt!

    Bedeitung 13: faire en sorte que

  48. säi Monni huet gemaach , datt hien eng gutt Plaz krut

    Bedeitung 13: faire en sorte que

  49. maach !

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 13: faire en sorte que

  50. Ären Hond mécht ëmmer an eise Virgäertchen!

    Bedeitung 14: faire caca; faire pipi

  51. hei kuck, dee Klengen huet an d'Box gemaach !

    Bedeitung 14: faire caca; faire pipi

  52. d'Kläpper hunn op de Mann gewaart a gutt bei e gemaach

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 15: malmener

  53. am leschte Match hunn eis Stiermer gutt bei se gemaach

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 15: malmener

  54. maach dech net, wéi wann s de näischt géifs verstoen!

    Bedeitung 16: faire (comme si); faire semblant

  55. de Patient mécht sech nëmmen esou!

    Bedeitung 16: faire (comme si); faire semblant

  56. eisen Eelste mécht sech gutt op senger neier Plaz

    Bedeitung 17: progresser; faire des progrès

  57. et ass scho spéit, elo maache mer eis esou lues (op de Wee)

    Bedeitung 18: partir; se mettre en route

Konjugatioun

Infinitiv
maachen
Partizip
gemaach / gemaacht
Hëllefsverb
hunn
Indikativ · Present
ech
maachen (mech)
du
méchs (dech)
hien / hatt / si
mécht (sech)
mir
maachen (eis)
dir
maacht (iech)
si
maachen (sech)
Indikativ · Imparfait
ech
mouch (mech)
du
mouchs (dech)
hien / hatt / si
mouch (sech)
mir
mouchen (eis)
dir
moucht (iech)
si
mouchen (sech)
Indikativ · Passé composé
ech
hunn (mech) gemaach / gemaacht
du
hues (dech) gemaach / gemaacht
hien / hatt / si
huet (sech) gemaach / gemaacht
mir
hunn (eis) gemaach / gemaacht
dir
hutt (iech) gemaach / gemaacht
si
hunn (sech) gemaach / gemaacht
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
hat (mech) gemaach / gemaacht
du
has (dech) gemaach / gemaacht
hien / hatt / si
hat (sech) gemaach / gemaacht
mir
haten (eis) gemaach / gemaacht
dir
hat (iech) gemaach / gemaacht
si
haten (sech) gemaach / gemaacht
Conditionnel · presentSimple
ech
méich (mech)
du
méichs (dech)
hien / hatt / si
méich (sech)
mir
méichen (eis)
dir
méicht (iech)
si
méichen (sech)
Conditionnel · Present
ech
géif / géing (mech) maachen
du
géifs / géings (dech) maachen
hien / hatt / si
géif / géing (sech) maachen
mir
géifen / géingen (eis) maachen
dir
géift / géingt (iech) maachen
si
géifen / géingen (sech) maachen
Conditionnel · Passé
ech
hätt (mech) gemaach / gemaacht
du
häss (dech) gemaach / gemaacht
hien / hatt / si
hätt (sech) gemaach / gemaacht
mir
hätten (eis) gemaach / gemaacht
dir
hätt (iech) gemaach / gemaacht
si
hätten (sech) gemaach / gemaacht
Imperativ · Present
du
maach (dech)!
dir
maacht (iech)!

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →