mengen
Lëtzebuergesch
- English
- to believe; to say; to mean; to mean ... (towards); to brag
- Français
- penser; dire; signifier; vouloir dire; être ... intentionné (envers); se vanter
- Deutsch
- glauben; meinen; bedeuten; es ... meinen (mit); sich brüsten
- Type
- VRB
- Synonym
- denken; bedeiten; soen; sech bretzen
- Auxiliary
- hunn
- Participe passé
- gemengt
Bedeitungen an Iwwersetzungen
Bedeitung 1
- Deutsch
- glauben (meinen, denken)
- Français
- croire; penser
- English
- to think; to believe
- Português
- achar; pensar; julgar
- Nederlands
- menen (denken, geloven)
Synonymer
denken
Bedeitung 2
- Deutsch
- meinen (sagen)
- Français
- dire (émettre, prononcer)
- English
- to say (to maintain)
- Português
- dizer (emitir, pronunciar)
- Nederlands
- zeggen
Synonymer
soen
Bedeitung 3
- Deutsch
- bedeuten (ausdrücken)
- Français
- signifier (avoir pour signification)
- English
- to mean (to signify)
- Português
- significar; querer dizer (ter o sentido de)
- Nederlands
- betekenen (inhouden)
Synonymer
bedeiten · heeschen
Bedeitung 4
- Deutsch
- meinen (sagen wollen)
- Français
- vouloir dire (vouloir exprimer)
- English
- to mean (to want to say)
- Português
- querer dizer (querer exprimir)
- Nederlands
- bedoelen (willen zeggen)
Bedeitung 5
- Deutsch
- es ... meinen (mit)
- Français
- être ... intentionné (envers)
- English
- to mean ... (towards) (to intend)
- Português
- ter ... intenções (para com)
- Nederlands
- het ... bedoelen (met) (het ... voorhebben (met))
Bedeitung 6
- Deutsch
- sich brüsten
- Français
- se vanter
- English
- to boast; to brag
- Português
- gabar-se
- Nederlands
- opscheppen (verbeelding hebben)
Synonymer
sech bretzen
Schreifvarianten
Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.
- et ... mengen (mat)
- gemengt
- gemengtem
- gemengten
- gemengter
- meng
- mengen
- mengs
- mengt
- sech mengen
Beispillsätz
meng net, ech géif dech fäerten!
Bedeitung 1: croire; penser
den Examen ass bestëmmt net esou schwéier, wéi s de mengs
Bedeitung 1: croire; penser
wie mengt , dee weess näischt!
ëmgangssproochlech
Bedeitung 1: croire; penser
da meng alt!
ëmgangssproochlech
Bedeitung 1: croire; penser
mengen a Botter schäissen ass zweeërlee!
graff
Bedeitung 1: croire; penser
hien huet gemengt , hie misst sech dat nach iwwerleeën
Bedeitung 2: dire
d'Wuert „Tournevis“ mengt dat selwecht ewéi d'Wuert „Schrauwenzéier“
Bedeitung 3: signifier
du weess hoergenee, wat ech mengen !
Bedeitung 4: vouloir dire
wat ass domat gemengt ?
Bedeitung 4: vouloir dire
hien hat et net schlecht gemengt , hie wollt just hëllefen
Bedeitung 5: être ... intentionné (envers)
deen Heuchler huet gemaach, wéi wann en et gutt mat eis géif mengen
Bedeitung 5: être ... intentionné (envers)
ech entschëllege mech fir meng Remark, et war wierklech net béis gemengt
Bedeitung 5: être ... intentionné (envers)
du brauchs dech net ze menge mat dengem décken Auto!
Bedeitung 6: se vanter
ma du kanns dech mengen !
IRON
Bedeitung 6: se vanter
Konjugatioun
- Infinitiv
- mengen
- Partizip
- gemengt
- Hëllefsverb
- hunn
Indikativ · Present
- ech
- mengen (mech)
- du
- mengs (dech)
- hien / hatt / si
- mengt (sech)
- mir
- mengen (eis)
- dir
- mengt (iech)
- si
- mengen (sech)
Indikativ · Passé composé
- ech
- hunn (mech) gemengt
- du
- hues (dech) gemengt
- hien / hatt / si
- huet (sech) gemengt
- mir
- hunn (eis) gemengt
- dir
- hutt (iech) gemengt
- si
- hunn (sech) gemengt
Indikativ · Plus-que-parfait
- ech
- hat (mech) gemengt
- du
- has (dech) gemengt
- hien / hatt / si
- hat (sech) gemengt
- mir
- haten (eis) gemengt
- dir
- hat (iech) gemengt
- si
- haten (sech) gemengt
Conditionnel · Present
- ech
- géif / géing (mech) mengen
- du
- géifs / géings (dech) mengen
- hien / hatt / si
- géif / géing (sech) mengen
- mir
- géifen / géingen (eis) mengen
- dir
- géift / géingt (iech) mengen
- si
- géifen / géingen (sech) mengen
Conditionnel · Passé
- ech
- hätt (mech) gemengt
- du
- häss (dech) gemengt
- hien / hatt / si
- hätt (sech) gemengt
- mir
- hätten (eis) gemengt
- dir
- hätt (iech) gemengt
- si
- hätten (sech) gemengt
Imperativ · Present
- du
- meng (dech)!
- dir
- mengt (iech)!
Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0
Zeréck an den Dictionnaire →