mussen
Lëtzebuergesch
- English
- must; should
- Français
- devoir
- Deutsch
- müssen
- Type
- VRB
- Auxiliary
- hunn
- Participe passé
- missen; mussen
Bedeitungen an Iwwersetzungen
Bedeitung 1
- Deutsch
- müssen (unbedingt)
- Français
- devoir (impérativement)
- English
- to have to; must (to be obliged to)
- Português
- ter de (sem falta)
Bedeitung 2
- Deutsch
- nicht brauchen zu
- Français
- ne pas avoir besoin de
- Português
- não precisar de
Synonymer
net brauchen ze
Bedeitung 3
- Deutsch
- nur brauchen zu
- Français
- n'avoir qu'à; suffire de
- Português
- só ter de; bastar; é só (preciso)
Synonymer
just brauchen ze · nëmme brauchen ze
Bedeitung 4
- Deutsch
- müssen (eigentlich, normalerweise)
- Français
- devoir (en principe)
- English
- should (to be probable)
- Português
- dever (em princípio)
Bedeitung 5
- Deutsch
- müssen (höchstwahrscheinlich, vermutlich)
- Français
- devoir (selon toute vraisemblance)
- English
- must (very likely)
- Português
- dever (segundo todas as probabilidades)
Hiweiser zum Gebrauch
Schreifvarianten
Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.
- just mussen
- miss
- missen
- misst
- missten
- muss
- mussen
- musst
- nëmme mussen
- net mussen
Beispillsätz
jidderee muss d'Sécherheetsvirschrëften anhalen
Bedeitung 1: devoir
wann d'Péng net vergeet, da muss de bei den Dokter goen!
Bedeitung 1: devoir
bei esou enger gudder Offer hunn ech einfach missen zougräifen!
Bedeitung 1: devoir
de Kontrakt muss nach haut ënnerschriwwe ginn
Bedeitung 1: devoir
hei ass (sech) näischt ze mussen !
ëmgangssproochlech
Bedeitung 1: devoir
du muss mer net hëllefen, ech ginn eleng eens!
Bedeitung 2: ne pas avoir besoin de
Dir musst net extra bei eis op de Büro kommen, mir kënnen och telefonéieren
Bedeitung 2: ne pas avoir besoin de
du muss just eppes soen, dann hëllefen ech der
Bedeitung 3: n'avoir qu'à; suffire de
et muss een nëmmen op de Knäppchen drécken a scho kritt ee säin Ticket
Bedeitung 3: n'avoir qu'à; suffire de
meng Mamm muss all Abléck heemkommen
Bedeitung 4: devoir
dem Dokter no misst mäi Mann geschwënn erëm op de Bee sinn
Bedeitung 4: devoir
ech hätt missen um dräi Auer beim Nottär sinn
Bedeitung 4: devoir
et muss hënt kal gewiescht sinn
Bedeitung 5: devoir
hie muss de Bus verpasst hunn, soss wier e schonn hei
Bedeitung 5: devoir
hien ass esou bleech am Gesiicht, e muss krank sinn
Bedeitung 5: devoir
Konjugatioun
- Infinitiv
- mussen
- Partizip
- missen / mussen
- Hëllefsverb
- hunn
Indikativ · Present
- ech
- muss
- du
- muss
- hien / hatt / si
- muss
- mir
- mussen
- dir
- musst
- si
- mussen
Indikativ · Passé composé
- ech
- hu missen / mussen
- du
- hues missen / mussen
- hien / hatt / si
- huet missen / mussen
- mir
- hu missen / mussen
- dir
- hutt missen / mussen
- si
- hu missen / mussen
Indikativ · Plus-que-parfait
- ech
- hat missen / mussen
- du
- has missen / mussen
- hien / hatt / si
- hat missen / mussen
- mir
- hate missen / mussen
- dir
- hat missen / mussen
- si
- hate missen / mussen
Conditionnel · presentSimple
- ech
- misst
- du
- miss / misst
- hien / hatt / si
- misst
- mir
- missten
- dir
- misst
- si
- missten
Conditionnel · Present
- ech
- géif / géing mussen
- du
- géifs / géings mussen
- hien / hatt / si
- géif / géing mussen
- mir
- géifen / géinge mussen
- dir
- géift / géingt mussen
- si
- géifen / géinge mussen
Conditionnel · Passé
- ech
- hätt missen / mussen
- du
- häss missen / mussen
- hien / hatt / si
- hätt missen / mussen
- mir
- hätte missen / mussen
- dir
- hätt missen / mussen
- si
- hätte missen / mussen
Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0
Zeréck an den Dictionnaire →