nokommen

Lëtzebuergesch
English
to follow; to keep up; to meet
Français
suivre; arriver à suivre; satisfaire à
Deutsch
nachkommen; schnallen
Type
VRB
Synonym
matkommen
Auxiliary
sinn
Participe passé
nokomm

Aussprooch (IPA)

[nˈoːkomən]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
nachkommen (später kommen)
Français
suivre (venir après un bref délai)
English
to follow (after a little while)
Português
seguir mais tarde (vir dentro de pouco tempo)
Nederlands
nakomen; later komen

Bedeitung 2

Deutsch
nachkommen (Schritt halten, folgen können)
Français
arriver à suivre (une certaine cadence)
English
to keep up (to progress at the same rate)
Português
conseguir acompanhar (um certo ritmo)
Nederlands
bijhouden; bijbenen

Bedeitung 3

Deutsch
verstehen; schnallen
Français
suivre (comprendre)
English
to get; to follow (to understand)
Português
perceber; entender
Nederlands
begrijpen; snappen

Synonymer

matkommen

Bedeitung 4

Deutsch
nachkommen (erfüllen)
Français
remplir; satisfaire à
English
to meet (to fulfil)
Português
cumprir; satisfazer
Nederlands
nakomen; voldoen aan

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • nokéim
  • nokéimen
  • nokéims
  • nokéimt
  • nokënns
  • nokënnt
  • nokomm
  • nokommen
  • nokommt
  • nokoum
  • nokoumen
  • nokoums
  • nokoumt
  • nozekommen

Beispillsätz

  1. gitt scho vir, mir kommen no !

    Bedeitung 1: suivre

  2. dat Schlëmmst ass nach nokomm !

    Bedeitung 1: suivre

  3. an där Affär ass ni méi eppes nokomm

    Bedeitung 1: suivre

  4. mäi Cousin ass zéng Joer nokomm

    Bedeitung 1: suivre

  5. géi méi lues, soss kommen ech net no !

    Bedeitung 2: arriver à suivre

  6. mir kommen den Ament mat der Aarbecht net no !

    Bedeitung 2: arriver à suivre

  7. hie kënnt an der Schoul net no

    Bedeitung 2: arriver à suivre

  8. ech sinn net nokomm , kanns de d'Pointe vum Witz nach eemol zielen?

    Bedeitung 3: suivre

  9. de Proprietär huet behaapt, d'Locatairë géifen hire Verflichtungen net nokommen

    Bedeitung 4: remplir; satisfaire à

Konjugatioun

Infinitiv
nokommen
Partizip
nokomm
Hëllefsverb
sinn
Indikativ · Present
ech
kommen no
du
kënns no
hien / hatt / si
kënnt no
mir
kommen no
dir
kommt no
si
kommen no
Indikativ · Imparfait
ech
koum no
du
koums no
hien / hatt / si
koum no
mir
koumen no
dir
koumt no
si
koumen no
Indikativ · Passé composé
ech
sinn nokomm
du
bass nokomm
hien / hatt / si
ass nokomm
mir
sinn nokomm
dir
sidd nokomm
si
sinn nokomm
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
war nokomm
du
waars nokomm
hien / hatt / si
war nokomm
mir
waren nokomm
dir
waart nokomm
si
waren nokomm
Conditionnel · presentSimple
ech
kéim no
du
kéims no
hien / hatt / si
kéim no
mir
kéimen no
dir
kéimt no
si
kéimen no
Conditionnel · Present
ech
géif / géing nokommen
du
géifs / géings nokommen
hien / hatt / si
géif / géing nokommen
mir
géifen / géingen nokommen
dir
géift / géingt nokommen
si
géifen / géingen nokommen
Conditionnel · Passé
ech
wier nokomm
du
wiers nokomm
hien / hatt / si
wier nokomm
mir
wieren nokomm
dir
wiert nokomm
si
wieren nokomm
Imperativ · Present
du
komm no!
dir
kommt no!

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →