opmaachen
Lëtzebuergesch
- English
- to open; to be open to; to lay out; to open (its doors); to set off
- Français
- ouvrir; ouvrir à; mettre en page; ouvrir (ses portes); s'ouvrir à; se mettre en route
- Deutsch
- aufmachen; öffnen für; eröffnen; öffnen; sich öffnen für; sich aufmachen
- Type
- VRB
- Synonym
- sech op de Wee maachen; opgoen
- Auxiliary
- hunn
- Participe passé
- opgemaach; opgemaacht
Aussprooch (IPA)
[ˈopmaːχən]
Bedeitungen an Iwwersetzungen
Bedeitung 1
- Deutsch
- aufmachen (öffnen)
- Français
- ouvrir (ce qui est fermé)
- English
- to open
- Português
- abrir (o que está fechado)
- Nederlands
- openen (opendoen)
Bedeitung 2
- Deutsch
- aufmachen; öffnen für (zugänglich machen für)
- Français
- ouvrir à (rendre accessible à)
- English
- to be open to (to be accessible to)
- Português
- abrir a (tornar acessível a)
- Nederlands
- openen voor (toegankelijk maken voor)
Bedeitung 3
- Deutsch
- aufmachen; eröffnen (neu gründen)
- Français
- ouvrir (établir, créer)
- English
- to open (to establish, to create)
- Português
- abrir (estabelecer, criar)
- Nederlands
- openen (inrichten, vestigen)
Bedeitung 4
- Deutsch
- aufmachen (gestalten, ausstatten)
- Français
- présenter; mettre en page (d'une certaine manière)
- English
- to lay out (a publication)
- Português
- apresentar; paginar (de uma certa forma)
- Nederlands
- opmaken (vormgeven)
Bedeitung 5
- Deutsch
- öffnen (eröffnet werden)
- Français
- ouvrir (ses portes) (s'établir)
- English
- to open (its doors)
- Português
- abrir (as suas portas) (estabelecer-se)
- Nederlands
- opengaan (geopend worden)
Synonymer
opgoen
Bedeitung 6
- Deutsch
- öffnen (für Kunden, für Benutzer)
- Français
- ouvrir (devenir accessible à la clientèle, au public)
- English
- to open (for customers)
- Português
- abrir (ficar acessível à clientela, ao público)
- Nederlands
- opengaan (voor klanten, voor gebruikers)
Synonymer
opgoen
Bedeitung 7
- Deutsch
- sich öffnen für (zugänglich werden für)
- Français
- s'ouvrir à (devenir accessible à, devenir réceptif à)
- English
- to be open to (to be receptive to)
- Português
- abrir-se a (tornar-se acessível a, mostrar-se recetivo a)
- Nederlands
- opengaan voor (toegankelijk worden voor)
Bedeitung 8
ëmgangssproochlech
- Deutsch
- sich aufmachen (sich auf den Weg machen)
- Français
- se mettre en route (partir)
- English
- to set off (on a journey)
- Português
- pôr-se a caminho
- Nederlands
- op pad gaan
Synonymer
sech op de Wee maachen
Schreifvarianten
Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.
- opgemaach
- opgemaacht
- opgemaachtem
- opgemaachten
- opgemaachter
- opmaache fir
- opmaachen
- opmaacht
- opméchs
- opmécht
- opméich
- opméichen
- opméichs
- opméicht
- opmouch
- opmouchen
- opmouchs
- opmoucht
- opzemaachen
- sech opmaache fir
- sech opmaachen
Beispillsätz
hien huet d'Fënster opgemaach , fir den Donst erauszeloossen
Bedeitung 1: ouvrir
d'Kanner hu voller Freed hir Päck opgemaach
Bedeitung 1: ouvrir
soll ech nach eng Fläsch Wäin opmaachen ?
Bedeitung 1: ouvrir
maach de Mond grouss op , datt d'Doktesch der kann an d'Strass kucken!
Bedeitung 1: ouvrir
wéi ech geschellt hunn, huet e Bouf mer (d'Dier) opgemaach
Bedeitung 1: ouvrir
maach de Mantel op , wann et der ze waarm ass!
Bedeitung 1: ouvrir
ech maachen den ieweschte Knapp vum Hiem op
Bedeitung 1: ouvrir
et ass nach ze kal, fir de Gaart opzemaachen
ëmgangssproochlech
Bedeitung 1: ouvrir
d'Arméi gouf och fir Auslänner opgemaach
Bedeitung 2: ouvrir à
d'Gemeng huet eng nei Deponie opgemaach
Bedeitung 3: ouvrir
eis Coiffeuse mécht geschwënn en zweete Salon op
Bedeitung 3: ouvrir
ech hu wëlles, en neie Bankkont opzemaachen
Bedeitung 3: ouvrir
si hunn hir nei Broschür ganz modern opgemaach
Bedeitung 4: présenter; mettre en page
kuck, dat heite Buch ass immens flott opgemaach !
Bedeitung 4: présenter; mettre en page
den neie Supermarché soll d'nächst Woch opmaachen
Bedeitung 5: ouvrir (ses portes)
weess du, um wéi vill Auer d'Librairie opmécht ?
Bedeitung 6: ouvrir
och samschdes mécht eise Metzler um aacht Auer op
Bedeitung 6: ouvrir
d'Land wëllt sech nach méi fir den Tourismus opmaachen
Bedeitung 7: s'ouvrir à
dee Klatzkapp wëllt sech einfach net fir nei Iddien opmaachen !
Bedeitung 7: s'ouvrir à
mir hunn eis an aller Fréi opgemaach
ëmgangssproochlech
Bedeitung 8: se mettre en route
Konjugatioun
- Infinitiv
- opmaachen
- Partizip
- opgemaach / opgemaacht
- Hëllefsverb
- hunn
Indikativ · Present
- ech
- maachen (mech) op
- du
- méchs (dech) op
- hien / hatt / si
- mécht (sech) op
- mir
- maachen (eis) op
- dir
- maacht (iech) op
- si
- maachen (sech) op
Indikativ · Imparfait
- ech
- mouch (mech) op
- du
- mouchs (dech) op
- hien / hatt / si
- mouch (sech) op
- mir
- mouchen (eis) op
- dir
- moucht (iech) op
- si
- mouchen (sech) op
Indikativ · Passé composé
- ech
- hunn (mech) opgemaach / opgemaacht
- du
- hues (dech) opgemaach / opgemaacht
- hien / hatt / si
- huet (sech) opgemaach / opgemaacht
- mir
- hunn (eis) opgemaach / opgemaacht
- dir
- hutt (iech) opgemaach / opgemaacht
- si
- hunn (sech) opgemaach / opgemaacht
Indikativ · Plus-que-parfait
- ech
- hat (mech) opgemaach / opgemaacht
- du
- has (dech) opgemaach / opgemaacht
- hien / hatt / si
- hat (sech) opgemaach / opgemaacht
- mir
- haten (eis) opgemaach / opgemaacht
- dir
- hat (iech) opgemaach / opgemaacht
- si
- haten (sech) opgemaach / opgemaacht
Conditionnel · presentSimple
- ech
- méich (mech) op
- du
- méichs (dech) op
- hien / hatt / si
- méich (sech) op
- mir
- méichen (eis) op
- dir
- méicht (iech) op
- si
- méichen (sech) op
Conditionnel · Present
- ech
- géif / géing (mech) opmaachen
- du
- géifs / géings (dech) opmaachen
- hien / hatt / si
- géif / géing (sech) opmaachen
- mir
- géifen / géingen (eis) opmaachen
- dir
- géift / géingt (iech) opmaachen
- si
- géifen / géingen (sech) opmaachen
Conditionnel · Passé
- ech
- hätt (mech) opgemaach / opgemaacht
- du
- häss (dech) opgemaach / opgemaacht
- hien / hatt / si
- hätt (sech) opgemaach / opgemaacht
- mir
- hätten (eis) opgemaach / opgemaacht
- dir
- hätt (iech) opgemaach / opgemaacht
- si
- hätten (sech) opgemaach / opgemaacht
Imperativ · Present
- du
- maach (dech) op!
- dir
- maacht (iech) op!
Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0
Zeréck an den Dictionnaire →