packen

Lëtzebuergesch
English
to manage to carry; to (be able to) bear; to manage; to have under control; to control oneself
Français
arriver à porter; (arriver à) supporter; venir à bout de; (arriver à) maîtriser; arriver à boire; se contrôler
Deutsch
tragen können; ertragen (können); bewältigen; kontrollieren; schaffen; sich beherrschen
Type
VRB
Synonym
Meeschter ginn; sech beherrschen
Auxiliary
hunn
Participe passé
gepackt

Aussprooch (IPA)

[pˈɑkən]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
tragen können (halten können)
Français
arriver à porter (arriver à supporter le poids de)
English
to manage to carry
Português
conseguir levar; conseguir sustentar (conseguir aguentar o peso de)
Nederlands
kunnen dragen

Bedeitung 2

Deutsch
ertragen (können)
Français
(arriver à) supporter (pouvoir endurer)
English
to (be able to) stand; to (be able to) bear
Português
(conseguir) suportar (poder aguentar)
Nederlands
(kunnen) verdragen ((kunnen) uithouden)

Bedeitung 3

Deutsch
schaffen; bestehen; bewältigen
Français
réussir; venir à bout de (faire avec succès)
English
to pass; to manage (an exam, a test; to succeed in)
Português
conseguir; vencer (fazer com êxito; realizar)
Nederlands
halen (klaarkrijgen, slagen voor (examen))

Bedeitung 4

Deutsch
beherrschen; kontrollieren (eine Person, ein Tier)
Français
(arriver à) venir à bout de; (arriver à) maîtriser (une personne, un animal)
English
to manage; to have under control
Português
(conseguir) dominar; (conseguir) controlar (uma pessoa, um animal)
Nederlands
beheersen (onder controle hebben)

Synonymer

Meeschter ginn

Bedeitung 5

Deutsch
schaffen (essen können, trinken können)
Français
arriver à manger; arriver à boire (une certaine quantité)
English
to manage (to be able to eat, to be able to drink)
Português
conseguir comer; conseguir beber (uma certa quantidade)
Nederlands
op kunnen (eten, drinken)

Bedeitung 6

ëmgangssproochlech

Deutsch
sich beherrschen
Français
se maîtriser; se contrôler
English
to control oneself
Português
dominar-se; controlar-se
Nederlands
zich (kunnen) beheersen

Synonymer

sech beherrschen

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • gepackt
  • gepacktem
  • gepackten
  • gepackter
  • pack
  • packen
  • packs
  • packt
  • sech packen

Beispillsätz

  1. wa Grëffer um Cageot wieren, géif ech e besser packen

    Bedeitung 1: arriver à porter

  2. de Bam huet d'Laascht vum Schnéi net méi gepackt

    Bedeitung 1: arriver à porter

  3. all Dag déi selwecht Leier, dat packen ech net méi!

    Bedeitung 2: (arriver à) supporter

  4. déi Patientin packt et net méi laang!

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 2: (arriver à) supporter

  5. du hues et nawell laang am Bistro gepackt !

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 2: (arriver à) supporter

  6. nach e puer Hëff, dann hu mer et gepackt !

    Bedeitung 3: réussir; venir à bout de

  7. de Student war glécklech, wéi e säin Exame gepackt hat

    Bedeitung 3: réussir; venir à bout de

  8. de Rescht vun der Aarbecht packen ech eleng

    Bedeitung 3: réussir; venir à bout de

  9. de Cyclist geet aus dem Suedel, fir de Bierg ze packen

    Bedeitung 3: réussir; venir à bout de

  10. d'Mamm packt hire Lëmmel vu Bouf net méi

    Bedeitung 4: (arriver à) venir à bout de; (arriver à) maîtriser

  11. ech hunn de Bauch voll, ech packen näischt méi!

    Bedeitung 5: arriver à manger; arriver à boire

  12. huel der net méi op den Teller, wéi s de packs !

    Bedeitung 5: arriver à manger; arriver à boire

  13. dee grousse Bëlles packt ouni Weideres eng Dosen Humpen!

    Bedeitung 5: arriver à manger; arriver à boire

  14. ech hu mech vu Roserei net méi gepackt !

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 6: se maîtriser; se contrôler

  15. d'Kanner hu sech vun elauter Freed net méi gepackt !

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 6: se maîtriser; se contrôler

  16. pack dech!

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 6: se maîtriser; se contrôler

Konjugatioun

Infinitiv
packen
Partizip
gepackt
Hëllefsverb
hunn
Indikativ · Present
ech
packen (mech)
du
packs (dech)
hien / hatt / si
packt (sech)
mir
packen (eis)
dir
packt (iech)
si
packen (sech)
Indikativ · Passé composé
ech
hunn (mech) gepackt
du
hues (dech) gepackt
hien / hatt / si
huet (sech) gepackt
mir
hunn (eis) gepackt
dir
hutt (iech) gepackt
si
hunn (sech) gepackt
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
hat (mech) gepackt
du
has (dech) gepackt
hien / hatt / si
hat (sech) gepackt
mir
haten (eis) gepackt
dir
hat (iech) gepackt
si
haten (sech) gepackt
Conditionnel · Present
ech
géif / géing (mech) packen
du
géifs / géings (dech) packen
hien / hatt / si
géif / géing (sech) packen
mir
géifen / géingen (eis) packen
dir
géift / géingt (iech) packen
si
géifen / géingen (sech) packen
Conditionnel · Passé
ech
hätt (mech) gepackt
du
häss (dech) gepackt
hien / hatt / si
hätt (sech) gepackt
mir
hätten (eis) gepackt
dir
hätt (iech) gepackt
si
hätten (sech) gepackt
Imperativ · Present
du
pack (dech)!
dir
packt (iech)!

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →