Plaz

Lëtzebuergesch
English
square [town square]; place [location]; place [seat]; room [available space]; place [available position, vacancy]; place [seat, allotted place, customary place]; place [rank, position]; place [location, area]; place [employment]; mark [of different colour]; bruise; on the spot
Français
place [espace urbain]; endroit [lieu, site]; place [assise]; place [espace libre]; place [possibilité d'accueil]; place [emplacement attribué]; place [rang]; endroit [déterminé]; place [emploi]; tache [surface de couleur différente]; bleu [hématome]; immédiatement
Deutsch
Platz [freie urbane Fläche]; Platz [Ort]; Platz [Sitzplatz]; Platz [verfügbarer Raum]; Platz [freie Stelle]; Platz [zugeordneter Platz]; Platz [Platzierung]; Stelle [Ort]; Stelle [Arbeitsstelle]; Fleck [andersfarbige Stelle]; blauer Fleck [Hämatom]; auf der Stelle
Type
SUBST F
Synonym
Fleck; Aarbechtsplaz
Lex
blo Plaz; op der Plaz

Aussprooch (IPA)

[plaːts]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
Platz (freie urbane Fläche)
Français
place (espace urbain)
English
square (town square)
Português
praça; largo
Nederlands
plein

Bedeitung 2

Deutsch
Platz (Ort)
Français
endroit (lieu, site)
English
place (location)
Português
lugar (local, sítio)
Nederlands
plaats; plek; locatie

Bedeitung 3

Deutsch
Platz (Sitzplatz)
Français
place (assise)
English
place (seat)
Português
lugar (sentado)
Nederlands
plaats (zitplaats)

Bedeitung 4

Deutsch
Platz (verfügbarer Raum)
Français
place (espace libre)
English
room (available space)
Português
lugar (espaço livre)
Nederlands
plaats ((beschikbare) ruimte)

Bedeitung 5

Deutsch
Platz (freie Stelle)
Français
place (possibilité d'accueil)
English
space; place (available position, vacancy)
Português
lugar (vaga)
Nederlands
plaats (beschikbare plaats)

Bedeitung 6

Deutsch
Platz (zugeordneter Platz)
Français
place (emplacement attribué)
English
place (seat, allotted place, customary place)
Português
lugar (espaço atribuído)
Nederlands
plaats (vaste plek)

Bedeitung 7

Deutsch
Platz (Platzierung)
Français
place (rang)
English
place (rank, position)
Português
lugar (numa classificação)
Nederlands
plaats (in een rangorde)

Bedeitung 8

Deutsch
Stelle (Ort)
Français
endroit (déterminé)
English
place (location, area)
Português
sítio (lugar preciso)
Nederlands
plaats (plek)

Bedeitung 9

Deutsch
Stelle (Arbeitsstelle)
Français
place (emploi)
English
place (employment)
Português
lugar (emprego)
Nederlands
plaats (baan, betrekking)

Synonymer

Aarbechtsplaz

Bedeitung 10

Deutsch
Fleck (andersfarbige Stelle)
Français
tache (surface de couleur différente)
English
place; mark (of different colour)
Português
mancha (pinta de cor diferente)
Nederlands
vlek (anders gekleurde plek)

Synonymer

Fleck

Bedeitung 11

Deutsch
blauer Fleck (Hämatom)
Français
bleu (hématome)
English
bruise
Português
pisadura; nódoa negra
Nederlands
blauwe plek (hematoom)

Bedeitung 12

Deutsch
auf der Stelle
Français
sur le coup; immédiatement
English
on the spot
Português
logo; imediatamente
Nederlands
op slag (onmiddellijk)
Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • blo Plaz
  • op der Plaz
  • Plaz
  • Plazen

Beispillsätz

  1. an der Mëtt vun der Plaz steet e Sprangbuer

    Bedeitung 1: place

  2. de Knuedler ass eng vun deene gréisste Plazen an der Stad

    Bedeitung 1: place

  3. dat ass eng gutt Plaz , fir e Geschäft opzemaachen

    Bedeitung 2: endroit

  4. et gëtt vill schéi Plaze laanscht d'Musel

    Bedeitung 2: endroit

  5. d'Police ass op d'Plaz komm

    Bedeitung 2: endroit

  6. kanns de mir eng Plaz niewent dir versuergen?

    Bedeitung 3: place

  7. am Kino krute mer zwou Plazen an der éischter Rei

    Bedeitung 3: place

  8. e Motorrad mat Seidekärchen huet maximal véier Plazen

    Bedeitung 3: place

  9. ech hunn a mengem Regal keng Plaz méi fir nei Bicher

    Bedeitung 4: place

  10. a ville Fligeren huet ee bal keng Plaz

    Bedeitung 4: place

  11. ech hunn der Plaz op der Kaart gelooss, fir datt s de se och kanns ënnerschreiwen

    Bedeitung 4: place

  12. setz dech roueg, et ass genuch Plaz um Kannapee!

    Bedeitung 4: place

  13. huelt Iech Plaz !

    Bedeitung 4: place

  14. den neie Parking huet eng Capacitéit vun 800 Plazen

    Bedeitung 5: place

  15. mir waarden op eng Plaz fir eise Bouf an enger Crèche

    Bedeitung 5: place

  16. am Schoulsall hunn d'Kanner all hir fest Plaz

    Bedeitung 6: place

  17. nom Usträichen hu mir d'Miwwelen nees op hir Plaz gesat

    Bedeitung 6: place

  18. hien huet seng Plaz an der Gesellschaft fonnt

    Bedeitung 6: place

  19. an denger Plaz géif ech reklaméieren!

    Bedeitung 6: place

  20. ech hunn hie wéinst senger Bemierkung op d'Plaz gesat

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 6: place

  21. mir stinn op der éischter Plaz vum Klassement

    Bedeitung 7: place

  22. un éischter Plaz wëll ech Iech Merci soen

    Bedeitung 7: place

  23. hei sidd Dir net op der richteger Plaz , Dir musst an de Büro niewendru goen

    Bedeitung 8: endroit

  24. ech fannen d'Plaz net, wou ech däi Bols fillen

    Bedeitung 8: endroit

  25. den Daach vun der Scheier ass op e puer Plazen agefall

    Bedeitung 8: endroit

  26. d'Aarbechte kommen net vun der Plaz

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 8: endroit

  27. an deem Projet trëppele mer op der Plaz

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 8: endroit

  28. de Chômeur huet bis elo nach keng nei Plaz fonnt

    Bedeitung 9: place

  29. d'Fabrick huet zéng Plazen ausgeschriwwen

    Bedeitung 9: place

  30. ech hunn eng déck rout Plaz um Réck

    Bedeitung 10: tache

  31. wou d'Mauer fiicht ass, sinn e puer donkel Plazen op der Fassad

    Bedeitung 10: tache

  32. och wann ech mech nëmme liicht stoussen, kréien ech direkt eng blo Plaz

    Bedeitung 11: bleu

  33. hie war dout op der Plaz

    Bedeitung 12: sur le coup; immédiatement

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →