schären

Lëtzebuergesch
English
to rake up; to slap somebody; to scratch; to come up with; to hang out
Français
ratisser; gifler quelqu'un; gratter; rappliquer; zoner
Deutsch
fegen; jemanden ohrfeigen; scharren; aufkreuzen; sich herumtreiben
Type
VRB
Synonym
engem eng klaken
Auxiliary
hunn
Participe passé
geschäert

Aussprooch (IPA)

[ʃˈɛːʀən]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
wischen; fegen (entfernen)
Français
racler; balayer; ratisser (pour déplacer, pour enlever)
English
to sweep; to rake up
Português
varrer; remover (para limpar)
Nederlands
vegen; bijeenharken

Bedeitung 2

ëmgangssproochlech

Deutsch
jemanden ohrfeigen
Français
donner une claque à quelqu'un; gifler quelqu'un
English
to slap somebody
Português
dar uma bofetada a alguém
Nederlands
iemand een oorvijg geven

Synonymer

engem eng klaken

Bedeitung 3

Deutsch
scharren (kratzen, graben)
Français
gratter (le sol)
English
to paw; to scratch (the ground)
Português
raspar; esgaravatar (a terra)
Nederlands
schrapen; krabben (over de grond)

Bedeitung 4

ëmgangssproochlech

Deutsch
antanzen; aufkreuzen
Français
se ramener; rappliquer
English
to crawl; to drag oneself along; to come up with (an idea)
Português
chegar; vir
Nederlands
komen opdagen

Bedeitung 5

ëmgangssproochlech

Deutsch
sich herumtreiben
Français
traîner; zoner
English
to bum around; to hang out
Português
andar por aí; vadiar
Nederlands
rondhangen; lopen te lanterfanten

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • engem eng schären
  • geschäert
  • geschäert kommen
  • geschäertem
  • geschäerten
  • geschäerter
  • schäers
  • schäert
  • schär
  • schären

Beispillsätz

  1. schär d'Grimmele vum Dësch net einfach op de Buedem!

    Bedeitung 1: racler; balayer; ratisser

  2. ech hunn de ganze Moie Blieder am Gaart geschäert

    Bedeitung 1: racler; balayer; ratisser

  3. wann ech keen Täschegeld méi hunn, da ginn ech bei d'Bomi schären

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: racler; balayer; ratisser

  4. seng Frëndin huet him virun all senge Kolleegen eng geschäert

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 2: donner une claque à quelqu'un; gifler quelqu'un

  5. d'Päerd huet ongedëlleg mam viischte Fouss geschäert

    Bedeitung 3: gratter

  6. d'Hénger schären am Buedem, fir Wierm ze fannen

    Bedeitung 3: gratter

  7. hie stoung de ganzen Owend bei enger Fra ze schären

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 3: gratter

  8. d'Schüler kommen an d'Schoul geschäert , wéi wann se déi beschten Zäit hätten

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 4: se ramener; rappliquer

  9. wéi kënns du dann do geschäert ?

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 4: se ramener; rappliquer

  10. eise Chef kënnt heiansdo mat deenen onméiglechsten Iddie geschäert

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 4: se ramener; rappliquer

  11. du schäers ewell mat gelungenen Typpen duerch d'Stad!

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 5: traîner; zoner

Konjugatioun

Infinitiv
schären
Partizip
geschäert
Hëllefsverb
hunn
Indikativ · Present
ech
schären
du
schäers
hien / hatt / si
schäert
mir
schären
dir
schäert
si
schären
Indikativ · Passé composé
ech
hu geschäert
du
hues geschäert
hien / hatt / si
huet geschäert
mir
hu geschäert
dir
hutt geschäert
si
hu geschäert
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
hat geschäert
du
has geschäert
hien / hatt / si
hat geschäert
mir
hate geschäert
dir
hat geschäert
si
hate geschäert
Conditionnel · Present
ech
géif / géing schären
du
géifs / géings schären
hien / hatt / si
géif / géing schären
mir
géifen / géinge schären
dir
géift / géingt schären
si
géifen / géinge schären
Conditionnel · Passé
ech
hätt geschäert
du
häss geschäert
hien / hatt / si
hätt geschäert
mir
hätte geschäert
dir
hätt geschäert
si
hätte geschäert
Imperativ · Present
du
schär!
dir
schäert!

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →