schneiden
Lëtzebuergesch
- English
- to prune; to cut; to pull
- Français
- tailler; couper; faire
- Deutsch
- schneiden
- Type
- VRB
- Auxiliary
- hunn
- Participe passé
- geschnidden
Aussprooch (IPA)
[ʃnˈɑɪdən]
Bedeitungen an Iwwersetzungen
Bedeitung 1
- Deutsch
- schneiden (abschneiden, zuschneiden)
- Français
- couper; découper; tailler
- English
- to cut; to carve; to trim; to prune (meat; bushes; trees)
- Português
- cortar; talhar; podar
- Nederlands
- snijden; knippen; snoeien
Bedeitung 2
- Deutsch
- schneiden (verletzen)
- Français
- couper (blesser)
- English
- to cut (to injure)
- Português
- cortar (ferir)
- Nederlands
- snijden (verwonden)
Bedeitung 3
- Deutsch
- schneiden (Grimassen)
- Français
- faire (une grimace, la moue)
- English
- to pull (faces)
- Português
- fazer (caretas, beicinho)
- Nederlands
- trekken; maken (gekke bekken; grimassen)
Bedeitung 4
- Deutsch
- schneiden (scharf sein)
- Français
- couper (être tranchant)
- English
- to cut (to be sharp-edged)
- Português
- cortar (estar afiado)
- Nederlands
- snijden (scherp zijn)
Hiweiser zum Gebrauch
Schreifvarianten
Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.
- geschnidden
- schneiden
- schneit
- schneits
Beispillsätz
du muss d'Fleesch géint de Fuedem schneiden
Bedeitung 1: couper; découper; tailler
hues du dir d'Hoer selwer geschnidden ?
Bedeitung 1: couper; découper; tailler
ech muss d'Gestraich hanner dem Haus schneiden
Bedeitung 1: couper; découper; tailler
weis mer emol, wéi een d'Uebstbeem richteg schneit
Bedeitung 1: couper; découper; tailler
mäin Exmann schneit mech scho laang
ëmgangssproochlech
Bedeitung 1: couper; découper; tailler
de Chauffer krut e Protokoll, well en eng geféierlech Kéier geschnidden hat
ëmgangssproochlech
Bedeitung 1: couper; découper; tailler
d'Coiffeuse muss oppassen, datt se hir Clienten net schneit
Bedeitung 2: couper
hien huet sech beim Raséieren ënner der Nues geschnidden
Bedeitung 2: couper
ech hu mech esou déif geschnidden , datt ech léiwer an d'Urgence fueren, fir derno kucken ze loossen
Bedeitung 2: couper
hien hat gemengt, e kréich eppes fir näischt, mee do hat en sech geschnidden
ëmgangssproochlech
Bedeitung 2: couper
de Schüler huet gelaacht, well säi Bänknoper Grimasse geschnidden huet
Bedeitung 3: faire
firwat schneits du esou eng (Grimass)?
Bedeitung 3: faire
eis Messere schneiden net méi gutt, se musse geschlaff ginn
Bedeitung 4: couper
Konjugatioun
- Infinitiv
- schneiden
- Partizip
- geschnidden
- Hëllefsverb
- hunn
Indikativ · Present
- ech
- schneiden
- du
- schneits
- hien / hatt / si
- schneit
- mir
- schneiden
- dir
- schneit
- si
- schneiden
Indikativ · Passé composé
- ech
- hu geschnidden
- du
- hues geschnidden
- hien / hatt / si
- huet geschnidden
- mir
- hu geschnidden
- dir
- hutt geschnidden
- si
- hu geschnidden
Indikativ · Plus-que-parfait
- ech
- hat geschnidden
- du
- has geschnidden
- hien / hatt / si
- hat geschnidden
- mir
- hate geschnidden
- dir
- hat geschnidden
- si
- hate geschnidden
Conditionnel · Present
- ech
- géif / géing schneiden
- du
- géifs / géings schneiden
- hien / hatt / si
- géif / géing schneiden
- mir
- géifen / géinge schneiden
- dir
- géift / géingt schneiden
- si
- géifen / géinge schneiden
Conditionnel · Passé
- ech
- hätt geschnidden
- du
- häss geschnidden
- hien / hatt / si
- hätt geschnidden
- mir
- hätte geschnidden
- dir
- hätt geschnidden
- si
- hätte geschnidden
Imperativ · Present
- du
- schneit!
- dir
- schneit!
Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0
Zeréck an den Dictionnaire →