schwäermen

Lëtzebuergesch
English
to have a crush on; to rave about
Français
adorer; parler avec enthousiasme de
Deutsch
schwärmen für; schwärmen von
Type
VRB
Auxiliary
hunn
Participe passé
geschwäermt

Aussprooch (IPA)

[ʃwˈɛːɐ̯mən]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
schwärmen für (begeistert sein von)
Français
être épris de; adorer
English
to have a crush on
Português
ter uma paixoneta por; adorar
Nederlands
dwepen met; gek zijn op

Bedeitung 2

Deutsch
schwärmen von (begeistert reden von)
Français
parler avec enthousiasme de
English
to rave about (to talk enthusiastically about)
Português
falar com entusiasmo de
Nederlands
hoog opgeven van; enthousiast vertellen over

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • geschwäermt
  • schwäerm
  • schwäerme fir
  • schwäerme vun
  • schwäermen
  • schwäerms
  • schwäermt

Beispillsätz

  1. ech hunn als Jugendleche fir e Meedchen aus eiser Strooss geschwäermt

    Bedeitung 1: être épris de; adorer

  2. dat ass en Acteur, fir dee meng Mamm jorelaang geschwäermt huet

    Bedeitung 1: être épris de; adorer

  3. mäi Brudder schwäermt stänneg vun dir

    Bedeitung 2: parler avec enthousiasme de

  4. hie schwäermt haut nach vun senger flotter Studentenzäit am Ausland

    Bedeitung 2: parler avec enthousiasme de

Konjugatioun

Infinitiv
schwäermen
Partizip
geschwäermt
Hëllefsverb
hunn
Indikativ · Present
ech
schwäermen
du
schwäerms
hien / hatt / si
schwäermt
mir
schwäermen
dir
schwäermt
si
schwäermen
Indikativ · Passé composé
ech
hu geschwäermt
du
hues geschwäermt
hien / hatt / si
huet geschwäermt
mir
hu geschwäermt
dir
hutt geschwäermt
si
hu geschwäermt
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
hat geschwäermt
du
has geschwäermt
hien / hatt / si
hat geschwäermt
mir
hate geschwäermt
dir
hat geschwäermt
si
hate geschwäermt
Conditionnel · Present
ech
géif / géing schwäermen
du
géifs / géings schwäermen
hien / hatt / si
géif / géing schwäermen
mir
géifen / géinge schwäermen
dir
géift / géingt schwäermen
si
géifen / géinge schwäermen
Conditionnel · Passé
ech
hätt geschwäermt
du
häss geschwäermt
hien / hatt / si
hätt geschwäermt
mir
hätte geschwäermt
dir
hätt geschwäermt
si
hätte geschwäermt
Imperativ · Present
du
schwäerm!
dir
schwäermt!

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →