mäi Monni schwätzt fléissend véier Sproochen
Meaning 1: to speak
hien huet ënnerwee kee Wuert geschwat
Meaning 2: to say; to talk
schwätz dach kee Kabes!
Meaning 2: to say; to talk
am Lëtzebuergesche gëtt de betounte Vokal virun engem eenzele Konsonant laang geschwat
Meaning 3: to say; to pronounce
eist Meedche konnt fréi schwätzen
Meaning 4: to speak; to talk
iwweregens, wou mer grad vun dengem Papp schwätzen , wéi geet et him?
Meaning 5: to speak; to talk
hie kënnt ëmmer erëm op d'Theema Suen ze schwätzen !
Meaning 5: to speak; to talk
hie kann iwwer näischt anescht schwätzen ewéi iwwer Sport
Meaning 5: to speak; to talk
laf mer net fort, ech muss nach mat der schwätzen !
Meaning 5: to speak; to talk
schwätz méi haart, ech héieren net méi gutt!
Meaning 5: to speak; to talk
iwwerem Schwätze koum mer eng Iddi
Meaning 5: to speak; to talk
mat dir ass net ze schwätzen !
colloquial
Meaning 5: to speak; to talk
schwätz net ze fréi!
colloquial
Meaning 5: to speak; to talk
meng Mamm ass net gutt op hir Schwéiesch ze schwätzen
colloquial
Meaning 5: to speak; to talk
hien huet dem Meedche schéi geschwat
colloquial
Meaning 5: to speak; to talk
hie léisst mat sech schwätzen
colloquial
Meaning 5: to speak; to talk
ech weess, vu wat ech schwätzen
colloquial
Meaning 5: to speak; to talk
ech hu kee Geld, fir en Appartement ze kafen, vun engem Haus guer net ze schwätzen !
colloquial
Meaning 5: to speak; to talk
wann s de keng Äntwert op deng Demande kriss, schwätzen ech mam Buergermeeschter
Meaning 5: to speak; to talk
si schwätzen zënter Joren net méi mateneen
Meaning 5: to speak; to talk
d'Kornischonge schwätze mat mer
colloquial
Meaning 5: to speak; to talk
vill Argumenter schwätze fir déi duebel Nationalitéit
Meaning 6: to speak for
d'Beweiser schwätze géint den Ugekloten
Meaning 7: to speak against
et schwätzt absolut näischt géint däi Virschlag
Meaning 7: to speak against
bei esou engem Héichwaasser kann ee scho bal vun enger Katastroph schwätzen
Meaning 8: to talk of
du kanns vu Chance schwätzen , datt keen dech beim Knäipen erwëscht huet!
Meaning 8: to talk of
an der Versammlung koume mer och op d'Walen ze schwätzen
Meaning 9: to broach; to tackle; to touch on