sécheren

Lëtzebuergesch
English
to protect; to put the safety catch on; to ensure; to save; to guarantee
Français
sécuriser; mettre le cran de sûreté de; garantir; archiver; assurer
Deutsch
sichern
Type
VRB
Auxiliary
hunn
Participe passé
geséchert

Aussprooch (IPA)

[zˈeɕəʀən]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
sichern (sicher machen, schützen)
Français
sécuriser (rendre plus sûr, protéger)
English
to secure; to protect (to make safe)
Português
tornar seguro; garantir a segurança de; proteger
Nederlands
zekeren; beveiligen (alpinisme; veilig maken)

Bedeitung 2

Deutsch
sichern (eine Waffe)
Français
mettre le cran de sûreté de
English
to put the safety catch on
Português
colocar em posição de segurança (uma arma)
Nederlands
zekeren (van een wapen)

Bedeitung 3

Deutsch
sichern (gewährleisten)
Français
garantir (stabiliser, assurer)
English
to safeguard; to ensure
Português
garantir (estabilizar, assegurar)
Nederlands
waarborgen; veiligstellen

Bedeitung 4

Deutsch
sichern (Daten)
Français
sauvegarder; archiver (des données)
English
to save (data)
Português
arquivar (dados)
Nederlands
beveiligen (gegevens)

Bedeitung 5

Deutsch
sichern (garantieren)
Français
assurer (garantir l'obtention de)
English
to secure; to guarantee
Português
assegurar (garantir a obtenção de)
Nederlands
garanderen

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • geséchert
  • geséchertem
  • gesécherten
  • gesécherter
  • sécher
  • sécheren
  • séchers
  • séchert

Beispillsätz

  1. mir hunn d'Diere mat zousätzleche Reedele geséchert

    Bedeitung 1: sécuriser

  2. beim Klamme séchert een Alpinist deen aneren

    Bedeitung 1: sécuriser

  3. d'Trap am Réibau ass net genuch geséchert

    Bedeitung 1: sécuriser

  4. den Zougang zu deenen Dokumenter ass mat dräi Codë geséchert

    Bedeitung 1: sécuriser

  5. de Jeeër huet seng Flënt geséchert , ier en se an den Auto geluecht huet

    Bedeitung 2: mettre le cran de sûreté de

  6. déi alliéiert Zaldote goufen agesat, fir de Fridden ze sécheren

    Bedeitung 3: garantir

  7. duerch meng nei berufflech Situatioun ass meng Zukunft geséchert

    Bedeitung 3: garantir

  8. op der Bank ginn all d'Donnéeën owes geséchert

    Bedeitung 4: sauvegarder; archiver

  9. säi Klassement am Concours séchert him eng Plaz beim Staat

    Bedeitung 5: assurer

  10. mat enger Zousazpensioun séchers de der e bessert Akommes am Alter

    Bedeitung 5: assurer

Konjugatioun

Infinitiv
sécheren
Partizip
geséchert
Hëllefsverb
hunn
Indikativ · Present
ech
sécheren
du
séchers
hien / hatt / si
séchert
mir
sécheren
dir
séchert
si
sécheren
Indikativ · Passé composé
ech
hu geséchert
du
hues geséchert
hien / hatt / si
huet geséchert
mir
hu geséchert
dir
hutt geséchert
si
hu geséchert
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
hat geséchert
du
has geséchert
hien / hatt / si
hat geséchert
mir
hate geséchert
dir
hat geséchert
si
hate geséchert
Conditionnel · Present
ech
géif / géing sécheren
du
géifs / géings sécheren
hien / hatt / si
géif / géing sécheren
mir
géifen / géinge sécheren
dir
géift / géingt sécheren
si
géifen / géinge sécheren
Conditionnel · Passé
ech
hätt geséchert
du
häss geséchert
hien / hatt / si
hätt geséchert
mir
hätte geséchert
dir
hätt geséchert
si
hätte geséchert
Imperativ · Present
du
sécher!
dir
séchert!

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →