setzen
Lëtzebuergesch
- English
- to place; to put; to set; to plant; to sit down; to settle; to build (up)on
- Français
- placer; mettre; transposer; composer; planter; miser sur; s'asseoir; se tasser; se déposer
- Deutsch
- stellen; setzen; übertragen; pflanzen; setzen auf; sich setzen
- Type
- VRB
- Synonym
- planzen
- Auxiliary
- hunn
- Participe passé
- gesat
Aussprooch (IPA)
[zˈætsən]
Bedeitungen an Iwwersetzungen
Bedeitung 1
- Deutsch
- setzen; stellen (platzieren, unterbringen)
- Français
- mettre; poser; placer
- English
- to put; to place
- Português
- pôr; meter; colocar
- Nederlands
- zetten (plaatsen)
Bedeitung 2
- Deutsch
- setzen (schreibend einfügen, schreiben)
- Français
- mettre (insérer en écrivant, écrire)
- English
- to put (to write, to insert in writing)
- Português
- pôr (inserir escrevendo, escrever)
- Nederlands
- zetten ((ergens bij) schrijven)
Bedeitung 3
- Deutsch
- setzen; übertragen
- Français
- mettre; transposer
- English
- to put (to transpose)
- Português
- passar (transcrever, transpor)
- Nederlands
- zetten (omzetten)
Bedeitung 4
- Deutsch
- setzen (für den Druck)
- Français
- composer (un texte à imprimer)
- English
- to set (type)
- Português
- compor (um texto para impressão)
- Nederlands
- zetten (om te drukken)
Bedeitung 5
- Deutsch
- setzen; pflanzen
- Français
- planter (mettre en terre)
- English
- to plant (in the ground)
- Português
- plantar (meter na terra)
- Nederlands
- planten; poten
Synonymer
planzen
Bedeitung 6
- Deutsch
- setzen auf (wetten, als Einsatz geben)
- Français
- miser sur (mettre en jeu)
- English
- to put on; to place (to bet)
- Português
- apostar em (pôr em jogo)
- Nederlands
- zetten op (inzetten bij gokken)
Bedeitung 7
- Deutsch
- sich setzen (sich hinsetzen, Platz nehmen)
- Français
- s'asseoir (prendre place)
- English
- to sit down
- Português
- sentar-se (tomar lugar)
- Nederlands
- gaan zitten
Bedeitung 8
- Deutsch
- sich setzen (sich senken, sich ablagern)
- Français
- se tasser (baisser de niveau)
- English
- to settle (to subside)
- Português
- assentar (ficar mais baixo)
- Nederlands
- zich zetten; zakken (bodem; eten)
Bedeitung 9
- Deutsch
- sich setzen (nach unten sinken)
- Français
- se déposer (descendre au fond)
- English
- to settle (liquid)
- Português
- assentar (depositar-se no fundo)
- Nederlands
- bezinken; neerslaan (naar de bodem zakken)
Bedeitung 10
- Deutsch
- setzen auf
- Français
- miser sur
- English
- to build (up)on
- Português
- apostar em (fazer fé em)
- Nederlands
- inzetten op; kiezen voor
Hiweiser zum Gebrauch
Schreifvarianten
Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.
- gesat
- gesatem
- gesaten
- gesater
- sech setzen
- setz
- setzen
- setzen op
- setzt
Beispillsätz
setz den Auto an d'Garage, ier et reent!
Bedeitung 1: mettre; poser; placer
nom Usträichen hu mir d'Miwwelen nees op hir Plaz gesat
Bedeitung 1: mettre; poser; placer
setz de Stull wannechgelift op d'Säit, fir datt keen driwwer fält!
Bedeitung 1: mettre; poser; placer
fir Allerhellege gi vill Arrangementer op d'Griewer gesat
Bedeitung 1: mettre; poser; placer
vill Schüler haten an hirem Aufsatz vergiess, bei der direkter Ried Gänseféisercher ze setzen
Bedeitung 2: mettre
soll ech däin Numm mat op d'Lëscht setzen ?
Bedeitung 2: mettre
d'Schüler hunn de ganzen Text missen an d'Vergaangenheet setzen
Bedeitung 3: mettre; transposer
dee leschten Deel vum Text gëtt am fetten Drock gesat
Bedeitung 4: composer
et gesäit een, datt dee Gedichtband op der Hand gesat gouf
Bedeitung 4: composer
du däerfs d'Knolle vun de Krokussen net ze déif an de Buedem setzen
Bedeitung 5: planter
mir hu Lavendel an de Gaart gesat
Bedeitung 5: planter
mäi Papp huet all Joer 30 Ar Grompere gesat
Bedeitung 5: planter
ech setzen ëmmer 50 Euro op dat selwecht Päerd
Bedeitung 6: miser sur
ech hu bei eisem Tippspill fir d'Finall vun der WM op déi richteg Ekipp gesat
Bedeitung 6: miser sur
bréngt nach e puer Still erbäi, fir datt jiddereen sech ka setzen !
Bedeitung 7: s'asseoir
komm, mer setzen eis eng Minutt hier op d'Bänk!
Bedeitung 7: s'asseoir
de Violonist huet sech aus Versinn op säi Bou gesat
Bedeitung 7: s'asseoir
ech hu mech misse setzen , wéi ech de Präis vum Auto héieren hunn
ëmgangssproochlech
Bedeitung 7: s'asseoir
ier mer Gras séien, muss de Buedem sech setzen
Bedeitung 8: se tasser
ech waarde mam Dessert, bis d'Iesse sech e bësse gesat huet
ëmgangssproochlech
Bedeitung 8: se tasser
looss d'Taass nach e bësse stoen, de Kaffi huet sech nach net gesat !
Bedeitung 9: se déposer
déi nei Regierung setzt op Kontinuitéit
Bedeitung 10: miser sur
Konjugatioun
- Infinitiv
- setzen
- Partizip
- gesat
- Hëllefsverb
- hunn
Indikativ · Present
- ech
- setzen (mech)
- du
- setz (dech)
- hien / hatt / si
- setzt (sech)
- mir
- setzen (eis)
- dir
- setzt (iech)
- si
- setzen (sech)
Indikativ · Passé composé
- ech
- hunn (mech) gesat
- du
- hues (dech) gesat
- hien / hatt / si
- huet (sech) gesat
- mir
- hunn (eis) gesat
- dir
- hutt (iech) gesat
- si
- hunn (sech) gesat
Indikativ · Plus-que-parfait
- ech
- hat (mech) gesat
- du
- has (dech) gesat
- hien / hatt / si
- hat (sech) gesat
- mir
- haten (eis) gesat
- dir
- hat (iech) gesat
- si
- haten (sech) gesat
Conditionnel · Present
- ech
- géif / géing (mech) setzen
- du
- géifs / géings (dech) setzen
- hien / hatt / si
- géif / géing (sech) setzen
- mir
- géifen / géingen (eis) setzen
- dir
- géift / géingt (iech) setzen
- si
- géifen / géingen (sech) setzen
Conditionnel · Passé
- ech
- hätt (mech) gesat
- du
- häss (dech) gesat
- hien / hatt / si
- hätt (sech) gesat
- mir
- hätten (eis) gesat
- dir
- hätt (iech) gesat
- si
- hätten (sech) gesat
Imperativ · Present
- du
- setz (dech)!
- dir
- setzt (iech)!
Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0
Zeréck an den Dictionnaire →