stäipen

Lëtzebuergesch
English
to support; to rest; to base on; to lean on; to be based on
Français
soutenir; mettre; fonder sur; s'appuyer; s'appuyer sur
Deutsch
stützen; abstützen; stützen auf; sich stützen; sich stützen auf
Type
VRB
Auxiliary
hunn
Participe passé
gestäipt

Aussprooch (IPA)

[ʃtˈæːɪpən]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
abstützen; stützen (durch Stützen sichern)
Français
étayer; soutenir
English
to shore up; to prop up; to support
Português
escorar; sustentar; apoiar
Nederlands
stutten; steunen; ondersteunen

Bedeitung 2

Deutsch
stützen; abstützen (den Kopf, die Hände, die Ellenbogen)
Français
appuyer; mettre (la tête, les mains, les coudes)
English
to lean; to rest (one's head, one's hands, one's elbows)
Português
apoiar; pôr (a cabeça, as mãos, os cotovelos)
Nederlands
leunen; zetten; ondersteunen het hoofd met de handen (met de armen op tafel; de armen in de zij)

Bedeitung 3

Deutsch
stützen auf (begründen mit)
Français
appuyer sur; fonder sur
English
to base on
Português
apoiar em; fundar em
Nederlands
baseren op

Bedeitung 4

Deutsch
sich stützen (sich abstützen)
Français
prendre appui; s'appuyer
English
to lean on
Português
apoiar-se; firmar-se
Nederlands
steunen; leunen

Bedeitung 5

Deutsch
sich stützen auf (gründen auf)
Français
se baser sur; se fonder sur; s'appuyer sur
English
to be based on
Português
basear-se em; apoiar-se em
Nederlands
zich baseren op; gebaseerd zijn op

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • gestäipt
  • gestäiptem
  • gestäipten
  • gestäipter
  • sech stäipen
  • sech stäipen op
  • stäip
  • stäipen
  • stäipen op
  • stäips
  • stäipt

Beispillsätz

  1. d'Aarbechter hunn déi baufälleg Mauer misse stäipen

    Bedeitung 1: étayer; soutenir

  2. mir hunn den Äppelbam misse stäipen , soss wieren d'Äscht gebrach

    Bedeitung 1: étayer; soutenir

  3. gëff mer e Coussin, fir de Réck ze stäipen !

    Bedeitung 1: étayer; soutenir

  4. den Infirmier stäipt d'Patientin beim Goen

    Bedeitung 1: étayer; soutenir

  5. de Schüler huet de Kapp an d'Hänn gestäipt

    Bedeitung 2: appuyer; mettre

  6. hatt huet d'Gewunnecht, d'Hänn an d'Säit ze stäipen

    Bedeitung 2: appuyer; mettre

  7. stäip d'Ielebéi net op den Dësch!

    Bedeitung 2: appuyer; mettre

  8. wourop stäips de deng Aussoen?

    Bedeitung 3: appuyer sur; fonder sur

  9. d'Bomi stäipt sech op d'Gelänner, wann se d'Trap erofgeet

    Bedeitung 4: prendre appui; s'appuyer

  10. stäip dech op d'Fënsterbriet, fir d'Lueden zouzemaachen!

    Bedeitung 4: prendre appui; s'appuyer

  11. dësen Artikel stäipt sech op déi neist Erkenntnesser vun der Astronomie

    Bedeitung 5: se baser sur; se fonder sur; s'appuyer sur

Konjugatioun

Infinitiv
stäipen
Partizip
gestäipt
Hëllefsverb
hunn
Indikativ · Present
ech
stäipen (mech)
du
stäips (dech)
hien / hatt / si
stäipt (sech)
mir
stäipen (eis)
dir
stäipt (iech)
si
stäipen (sech)
Indikativ · Passé composé
ech
hunn (mech) gestäipt
du
hues (dech) gestäipt
hien / hatt / si
huet (sech) gestäipt
mir
hunn (eis) gestäipt
dir
hutt (iech) gestäipt
si
hunn (sech) gestäipt
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
hat (mech) gestäipt
du
has (dech) gestäipt
hien / hatt / si
hat (sech) gestäipt
mir
haten (eis) gestäipt
dir
hat (iech) gestäipt
si
haten (sech) gestäipt
Conditionnel · Present
ech
géif / géing (mech) stäipen
du
géifs / géings (dech) stäipen
hien / hatt / si
géif / géing (sech) stäipen
mir
géifen / géingen (eis) stäipen
dir
géift / géingt (iech) stäipen
si
géifen / géingen (sech) stäipen
Conditionnel · Passé
ech
hätt (mech) gestäipt
du
häss (dech) gestäipt
hien / hatt / si
hätt (sech) gestäipt
mir
hätten (eis) gestäipt
dir
hätt (iech) gestäipt
si
hätten (sech) gestäipt
Imperativ · Present
du
stäip (dech)!
dir
stäipt (iech)!

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →