stiechen
Lëtzebuergesch
- English
- to insert; to shove; to put in; to be sticking; to be blocked; to be full of ...
- Français
- mettre; fourrer; investir dans; se trouver; rester coincé; être bourré de ...
- Deutsch
- stecken; investieren in; stecken bleiben; voll von ... sein
- Type
- VRB
- Auxiliary
- hunn
- Participe passé
- gestach
Aussprooch (IPA)
[ʃtˈiəɕən]
Bedeitungen an Iwwersetzungen
Bedeitung 1
- Deutsch
- stecken (hineinstecken)
- Français
- mettre (enfoncer, glisser)
- English
- to put; to insert
- Português
- pôr; meter; colocar (inserir, introduzir)
- Nederlands
- steken; stoppen (iets ergens in doen)
Bedeitung 2
ëmgangssproochlech
- Deutsch
- stecken (eine Person)
- Français
- foutre; fourrer (une personne)
- English
- to stick; to shove (a person)
- Português
- meter; enfiar (uma pessoa)
- Nederlands
- steken; stoppen (een persoon ergens in doen)
Bedeitung 3
- Deutsch
- stecken in; investieren in
- Français
- mettre dans; investir dans
- English
- to put in (to invest in)
- Português
- colocar em; investir em
- Nederlands
- steken in
Bedeitung 4
- Deutsch
- stecken (sich befinden)
- Français
- être; y avoir; se trouver
- English
- to be; to be sticking
- Português
- estar (metido) (encontrar-se)
- Nederlands
- steken (zich bevinden)
Bedeitung 5
- Deutsch
- stecken bleiben
- Français
- rester bloqué; rester coincé
- English
- to be stuck fast; to be blocked
- Português
- ficar atolado; ficar preso
- Nederlands
- blijven steken
Bedeitung 6
- Deutsch
- voller ... stecken; voll von ... sein
- Français
- être plein de ...; être bourré de ...
- English
- to be stuffed full of ...; to be full of ...
- Português
- estar cheio de ...; estar a abarrotar de ...
- Nederlands
- vol zijn (van/met); vol zitten met
Hiweiser zum Gebrauch
Schreifvarianten
Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.
- gestach
- stéchs
- stécht
- stéich
- stéichen
- stéichs
- stéicht
- stiech
- stieche bleiwen
- stiechen
- stiechen an
- stiecht
- stouch
- stouchen
- stouchs
- stoucht
- voll(er) ... stiechen
Beispillsätz
ech stiechen eng Cale ënner d'Dier, fir datt se opbleift
Bedeitung 1: mettre
stiech den Ziedel mam Geheimcode léiwer net bei deng Kreditkaart!
Bedeitung 1: mettre
stiech de Bréif an eng Enveloppe an dro en op d'Post!
Bedeitung 1: mettre
de Pechert hat mer e Protokoll hanner de Wischer gestach
Bedeitung 1: mettre
de Brigang gouf an de Prisong gestach
ëmgangssproochlech
Bedeitung 2: foutre; fourrer
wéi d'Kand dräimol duerchgefall war, gouf et an d'Internat gestach
ëmgangssproochlech
Bedeitung 2: foutre; fourrer
fir d'Kommioun sinn ech an e schwaarze Kostüm gestach ginn
ëmgangssproochlech
Bedeitung 2: foutre; fourrer
d'Geschäftsfra huet hiert ganzt Kapital an de Betrib gestach
Bedeitung 3: mettre dans; investir dans
si stécht hir ganz Energie an d'Karriär
Bedeitung 3: mettre dans; investir dans
looss de Schlëssel net am Schlass stiechen !
Bedeitung 4: être; y avoir; se trouver
pass op, et stécht nach eng Nol am Sam!
Bedeitung 4: être; y avoir; se trouver
wou sollen d'Kanner nëmme stiechen ?
Bedeitung 4: être; y avoir; se trouver
wie stécht hanner dëser Affär?
Bedeitung 4: être; y avoir; se trouver
hie stécht an der Schold bis iwwer d'Oueren
ëmgangssproochlech
Bedeitung 4: être; y avoir; se trouver
ech si mam Auto am Schnéi stieche bliwwen
Bedeitung 5: rester bloqué; rester coincé
no der Vakanz stouch eis Boîte voll(er) Bréiwer
Bedeitung 6: être plein de ...; être bourré de ...
eisen Architekt stécht voll(er) Iddien
Bedeitung 6: être plein de ...; être bourré de ...
Konjugatioun
- Infinitiv
- stiechen
- Partizip
- gestach
- Hëllefsverb
- hunn
Indikativ · Present
- ech
- stiechen
- du
- stéchs
- hien / hatt / si
- stécht
- mir
- stiechen
- dir
- stiecht
- si
- stiechen
Indikativ · Imparfait
- ech
- stouch
- du
- stouchs
- hien / hatt / si
- stouch
- mir
- stouchen
- dir
- stoucht
- si
- stouchen
Indikativ · Passé composé
- ech
- hu gestach
- du
- hues gestach
- hien / hatt / si
- huet gestach
- mir
- hu gestach
- dir
- hutt gestach
- si
- hu gestach
Indikativ · Plus-que-parfait
- ech
- hat gestach
- du
- has gestach
- hien / hatt / si
- hat gestach
- mir
- hate gestach
- dir
- hat gestach
- si
- hate gestach
Conditionnel · presentSimple
- ech
- stéich
- du
- stéichs
- hien / hatt / si
- stéich
- mir
- stéichen
- dir
- stéicht
- si
- stéichen
Conditionnel · Present
- ech
- géif / géing stiechen
- du
- géifs / géings stiechen
- hien / hatt / si
- géif / géing stiechen
- mir
- géifen / géinge stiechen
- dir
- géift / géingt stiechen
- si
- géifen / géinge stiechen
Conditionnel · Passé
- ech
- hätt gestach
- du
- häss gestach
- hien / hatt / si
- hätt gestach
- mir
- hätte gestach
- dir
- hätt gestach
- si
- hätte gestach
Imperativ · Present
- du
- stiech!
- dir
- stiecht!
Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0
Zeréck an den Dictionnaire →