Stopp

Lëtzebuergesch
English
stopper; blockage (of earwax); earplug
Français
bouchon [dispositif de fermeture]; bouchon (de cérumen); bouchon (d'oreille)
Deutsch
Verschluss; Pfropf [im Ohr]; Stöpsel [Ohrstöpsel]
Type
SUBST M
Plural
Stëpp

Aussprooch (IPA)

[ʃtop]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
Korken; Pfropfen; Stöpsel; Verschluss
Français
bouchon (dispositif de fermeture)
English
cork; plug; cap; stopper
Português
rolha; tampa
Nederlands
stop; kurk (afsluiting)

Bedeitung 2

Deutsch
Pfropf (im Ohr)
Français
bouchon (de cérumen)
English
blockage (of earwax)
Português
rolhão (de cerúmen)
Nederlands
prop (in het oor)

Bedeitung 3

Deutsch
Stöpsel (Ohrstöpsel)
Français
bouchon (d'oreille)
English
earplug
Português
tampão (de ouvido)
Nederlands
oordopje
Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • Stëpp
  • Stopp

Beispillsätz

  1. wéi ech en erausgezunn hunn, ass de Stopp vun der Wäifläsch mer zerbréckelt

    Bedeitung 1: bouchon

  2. de Stopp vun eiser Bidden ass net méi dicht

    Bedeitung 1: bouchon

  3. maach de Stopp op d'Zanpasta, soss verdréchent se!

    Bedeitung 1: bouchon

  4. deen heite Wäin schmaacht no Stopp

    Bedeitung 1: bouchon

  5. ech hu scho méi laang e Stopp am lénksen Ouer, ech muss bei den Dokter goen

    Bedeitung 2: bouchon (de cérumen)

  6. wann den Noper Trompett spillt, maachen ech mer Stëpp an d'Oueren

    Bedeitung 3: bouchon (d'oreille)

  7. hues du Stëpp an den Oueren?

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 3: bouchon (d'oreille)

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →