ukommen

Lëtzebuergesch
English
to arrive; to go down (well); to be taken on; to grow; to be able to compete against; to manage to; to come down to; to depend on; to run the risk of; to come across
Français
arriver; être apprécié (par); être embauché; prendre (racine); venir à bout de; arriver à (se mettre à); compter; dépendre de; risquer; rencontrer
Deutsch
ankommen; Anklang finden (bei); angestellt werden; anwachsen; ankommen gegen; (beginnen) können (mit); ankommen auf; es ankommen lassen auf; antreffen
Type
VRB
Synonym
ofhänke vun
Auxiliary
sinn
Participe passé
ukomm

Aussprooch (IPA)

[ˈukomən]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
ankommen (eintreffen)
Français
arriver (parvenir à destination)
English
to arrive (at a destination)
Português
chegar (atingir o destino)
Nederlands
aankomen (op de bestemming)

Bedeitung 2

Deutsch
(gut) ankommen (bei); Anklang finden (bei)
Français
être (bien) perçu (par); être (bien) vu (par); être apprécié (par)
English
to come across (well); to go down (well)
Português
ser (bem-)visto (por); ser (bem) acolhido (por); ser (bem) aceite (por)
Nederlands
(succes) hebben (bij) (weerklank vinden (bij))

Bedeitung 3

Deutsch
angestellt werden
Français
être embauché
English
to be taken on (to be employed)
Português
conseguir emprego
Nederlands
aangesteld worden

Bedeitung 4

Deutsch
anwachsen (Wurzeln schlagen)
Français
prendre (racine) (pousser, se développer)
English
to take (root); to grow
Português
criar raízes; pegar (planta)
Nederlands
aanslaan (van planten)

Bedeitung 5

Deutsch
ankommen gegen (sich durchsetzen gegen)
Français
(arriver à) s'imposer face à; venir à bout de
English
to be a match for; to be able to compete against
Português
(conseguir) impor-se perante; (conseguir) acabar com
Nederlands
op kunnen tegen (succes hebben tegen)

Bedeitung 6

Deutsch
(beginnen) können (mit)
Français
arriver à (se mettre à)
English
to manage to get started; to manage to
Português
conseguir (começar com)
Nederlands
kunnen beginnen met (toekomen aan)

Bedeitung 7

Deutsch
ankommen auf (wichtig sein)
Français
compter (être important)
English
to come down to (to be important)
Português
contar; importar
Nederlands
aankomen op (belangrijk zijn)

Bedeitung 8

Deutsch
ankommen auf (abhängen von)
Français
dépendre de (être conditionné par)
English
to depend on (to be determined by)
Português
depender de (estar condicionado por)
Nederlands
aankomen op (afhangen van)

Synonymer

ofhänke vun

Bedeitung 9

Deutsch
es ankommen lassen auf
Français
risquer (prendre le risque de)
English
to run the risk of
Português
arriscar (correr o risco de)
Nederlands
het laten aankomen op

Bedeitung 10

vereelzt

Deutsch
begegnen; antreffen
Français
rencontrer (une personne)
English
to come across (to meet)
Português
encontrar (uma pessoa)
Nederlands
tegenkomen (treffen)

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • (gutt) ukommen (bei)
  • et ukomme loossen op
  • ukéim
  • ukéimen
  • ukéims
  • ukéimt
  • ukënns
  • ukënnt
  • ukomm
  • ukomme géint
  • ukomme mat
  • ukommen
  • ukommen op
  • ukommt
  • ukoum
  • ukoumen
  • ukoums
  • ukoumt
  • unzekommen

Beispillsätz

  1. et dauert zwee Deeg, bis de Bréif ukënnt

    Bedeitung 1: arriver

  2. mir sinn nomëttes an eisem Hotel ukomm

    Bedeitung 1: arriver

  3. den Zuch kënnt ëm dräi Auer an der Nuecht un

    Bedeitung 1: arriver

  4. dat ass (bei) mir nach ëmmer net uewen ukomm

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: arriver

  5. wéinst hirer Natierlechkeet kënnt d'Ministesch gutt bei de Wieler un

    Bedeitung 2: être (bien) perçu (par); être (bien) vu (par); être apprécié (par)

  6. esou e Spektakel kënnt ëmmer (gutt) bei de Leit un

    Bedeitung 2: être (bien) perçu (par); être (bien) vu (par); être apprécié (par)

  7. d'Lässegkeet kënnt beim neien Direkter schlecht un

    Bedeitung 2: être (bien) perçu (par); être (bien) vu (par); être apprécié (par)

  8. eist Eelst ass endlech bei der Eisebunn ukomm

    Bedeitung 3: être embauché

  9. d'Planzen, déi net ukomm sinn , mussen ersat ginn

    Bedeitung 4: prendre (racine)

  10. no deene reenegen Deeg ass de Wues gutt ukomm

    Bedeitung 4: prendre (racine)

  11. géint esou eng Lobby komme mir net un

    Bedeitung 5: (arriver à) s'imposer face à; venir à bout de

  12. ech kenne kee Mëttel, dat géint all Onkraut ukënnt

    Bedeitung 5: (arriver à) s'imposer face à; venir à bout de

  13. eis Sekretärin gëtt stänneg gestéiert a kënnt dofir net u mat hirer Aarbecht

    Bedeitung 6: arriver à (se mettre à)

  14. gëschter Owend sinn ech eréischt spéit ukomm mat schlofen

    Bedeitung 6: arriver à (se mettre à)

  15. bei dëser Konstruktioun kënnt et op de Millimeter un

    Bedeitung 7: compter

  16. wann et drop ukënnt , kann een op en zielen

    Bedeitung 7: compter

  17. et kënnt op d'Wieder un , ob mer spadséiere ginn oder net

    Bedeitung 8: dépendre de

  18. ech wëll et net op e Sträit ukomme loossen

    Bedeitung 9: risquer

  19. looss et net drop ukommen !

    Bedeitung 9: risquer

  20. ech sinn en ale Kolleeg an der Stad ukomm

    vereelzt

    Bedeitung 10: rencontrer

Konjugatioun

Infinitiv
ukommen
Partizip
ukomm
Hëllefsverb
sinn
Indikativ · Present
ech
kommen un
du
kënns un
hien / hatt / si
kënnt un
mir
kommen un
dir
kommt un
si
kommen un
Indikativ · Imparfait
ech
koum un
du
koums un
hien / hatt / si
koum un
mir
koumen un
dir
koumt un
si
koumen un
Indikativ · Passé composé
ech
sinn ukomm
du
bass ukomm
hien / hatt / si
ass ukomm
mir
sinn ukomm
dir
sidd ukomm
si
sinn ukomm
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
war ukomm
du
waars ukomm
hien / hatt / si
war ukomm
mir
waren ukomm
dir
waart ukomm
si
waren ukomm
Conditionnel · presentSimple
ech
kéim un
du
kéims un
hien / hatt / si
kéim un
mir
kéimen un
dir
kéimt un
si
kéimen un
Conditionnel · Present
ech
géif / géing ukommen
du
géifs / géings ukommen
hien / hatt / si
géif / géing ukommen
mir
géifen / géingen ukommen
dir
géift / géingt ukommen
si
géifen / géingen ukommen
Conditionnel · Passé
ech
wier ukomm
du
wiers ukomm
hien / hatt / si
wier ukomm
mir
wieren ukomm
dir
wiert ukomm
si
wieren ukomm
Imperativ · Present
du
komm un!
dir
kommt un!

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →