unhuelen
Lëtzebuergesch
- English
- to accept; to approve; to take; to adopt; to take on; to embrace; to assume; to look after
- Français
- réceptionner; voter; accepter; adopter; prendre; faire sien; présumer; s'occuper de
- Deutsch
- annehmen; stimmen; übernehmen; adoptieren; nehmen; vermuten; sich annehmen
- Type
- VRB
- Synonym
- sech këmmeren ëm; akzeptéieren; supposéieren; huelen; adoptéieren
- Auxiliary
- hunn
- Participe passé
- ugeholl
Aussprooch (IPA)
[ˈunhuələn]
Bedeitungen an Iwwersetzungen
Bedeitung 1
- Deutsch
- annehmen (entgegennehmen)
- Français
- accepter; réceptionner (recevoir, prendre)
- English
- to accept; to take; to accept (to receive; to take delivery of)
- Português
- aceitar; rececionar (receber, tomar)
- Nederlands
- aanpakken; accepteren
Synonymer
akzeptéieren
Bedeitung 2
- Deutsch
- gutheißen; billigen; stimmen
- Français
- accepter; approuver; voter
- English
- to accept; to approve
- Português
- aceitar; aprovar; votar
- Nederlands
- goedvinden; instemmen met; aannemen (wet)
Bedeitung 3
- Deutsch
- annehmen; übernehmen (einen Namen, ein Amt)
- Français
- prendre; adopter; accepter (un nom; une charge, un rôle)
- English
- to adopt; to take (a name)
- Português
- ficar com; adotar; aceitar (um nome; um cargo, um papel)
- Nederlands
- aannemen (naam, functie)
Bedeitung 4
- Deutsch
- annehmen; adoptieren
- Français
- adopter (un enfant)
- English
- to adopt (a child)
- Português
- adotar (uma criança)
- Nederlands
- aannemen (adopteren)
Synonymer
adoptéieren
Bedeitung 5
- Deutsch
- nehmen (zulassen, einstellen)
- Français
- prendre (admettre, embaucher)
- English
- to admit; to take on (to accept; to employ)
- Português
- aceitar (admitir, contratar)
- Nederlands
- nemen (aanstellen, toelaten)
Synonymer
huelen
Bedeitung 6
- Deutsch
- annehmen (eine Form, eine Gestalt, einen Umfang)
- Français
- prendre (une allure, une forme, une envergure)
- English
- to take on (a shape, a form)
- Português
- tomar (um aspeto, uma forma, uma envergadura)
- Nederlands
- aannemen (vorm, gedaante, omvang)
Bedeitung 7
- Deutsch
- annehmen (sich zu eigen machen, sich angewöhnen)
- Français
- adopter; faire sien
- English
- to acquire; to adopt; to embrace (a habit; an idea, a religion)
- Português
- adotar; abraçar
- Nederlands
- aannemen (een gewoonte, een idee)
Bedeitung 8
- Deutsch
- annehmen; vermuten
- Français
- supposer; présumer
- English
- to assume (to suppose)
- Português
- supor; presumir
- Nederlands
- aannemen (vermoeden)
Synonymer
supposéieren
Bedeitung 9
- Deutsch
- sich annehmen (sich kümmern um)
- Français
- prendre en charge; s'occuper de
- English
- to take care of; to look after
- Português
- encarregar-se de; ocupar-se de
- Nederlands
- zich bekommeren om
Synonymer
sech këmmeren ëm
Schreifvarianten
Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.
- sech unhuelen
- ugeholl
- unhéil
- unhéilen
- unhéils
- unhéilt
- unhëls
- unhëlt
- unhuelen
- unhuelt
- unzehuelen
Beispillsätz
den Nopeschbouf wollt keng Sue fir seng Hëllef unhuelen
Bedeitung 1: accepter; réceptionner
mir kënnen dës Liwwerung net unhuelen , well se beim Transport beschiedegt gouf
Bedeitung 1: accepter; réceptionner
si hëlt alles un , wat hir Eltere soen
Bedeitung 2: accepter; approuver; voter
de Kommitee huet dem President seng Propositioun ugeholl
Bedeitung 2: accepter; approuver; voter
d'Chamber huet d'Gesetz mat grousser Majoritéit ugeholl
Bedeitung 2: accepter; approuver; voter
haut kann och e Mann senger Fra hiren Numm unhuelen
Bedeitung 3: prendre; adopter; accepter
ech hunn net genuch Zäit, fir eng Charge am Kommitee unzehuelen
Bedeitung 3: prendre; adopter; accepter
déi Koppel huet zwee Kanner ugeholl , ier se eent vun sech krut
Bedeitung 4: adopter
fir déi Sektioun ginn all Joer nëmmen 20 Kandidaten ugeholl
Bedeitung 5: prendre
mat sengen Diplomer gëtt Äre Jong dach op all Bank ugeholl !
Bedeitung 5: prendre
d'Wolleke kënne ganz verschidde Formen unhuelen
Bedeitung 6: prendre
déi Affär hëlt Ausmoossen un , déi keen erwaart hat
Bedeitung 6: prendre
am Alter huet de Bop e puer Gewunnechten ugeholl , déi mer déck op de Su ginn
Bedeitung 7: adopter; faire sien
wéi se bestuet goufen, huet d'Fra dem Mann seng Relioun ugeholl
Bedeitung 7: adopter; faire sien
ech huelen un , datt Dir d'Käschten iwwerhuelt
Bedeitung 8: supposer; présumer
loosse mer emol unhuelen , et wier esou, wéi s du sees!
Bedeitung 8: supposer; présumer
huel dat un!
ëmgangssproochlech
Bedeitung 8: supposer; présumer
maach der keng Suergen, mir huelen eis där Saach un !
Bedeitung 9: prendre en charge; s'occuper de
wien hëlt sech de Kanner hirer un , wann d'Elteren dout sinn?
Bedeitung 9: prendre en charge; s'occuper de
Konjugatioun
- Infinitiv
- unhuelen
- Partizip
- ugeholl
- Hëllefsverb
- hunn
Indikativ · Present
- ech
- huelen (mech) un
- du
- hëls (dech) un
- hien / hatt / si
- hëlt (sech) un
- mir
- huelen (eis) un
- dir
- huelt (iech) un
- si
- huelen (sech) un
Indikativ · Passé composé
- ech
- hunn (mech) ugeholl
- du
- hues (dech) ugeholl
- hien / hatt / si
- huet (sech) ugeholl
- mir
- hunn (eis) ugeholl
- dir
- hutt (iech) ugeholl
- si
- hunn (sech) ugeholl
Indikativ · Plus-que-parfait
- ech
- hat (mech) ugeholl
- du
- has (dech) ugeholl
- hien / hatt / si
- hat (sech) ugeholl
- mir
- haten (eis) ugeholl
- dir
- hat (iech) ugeholl
- si
- haten (sech) ugeholl
Conditionnel · presentSimple
- ech
- héil (mech) un
- du
- héils (dech) un
- hien / hatt / si
- héil (sech) un
- mir
- héilen (eis) un
- dir
- héilt (iech) un
- si
- héilen (sech) un
Conditionnel · Present
- ech
- géif / géing (mech) unhuelen
- du
- géifs / géings (dech) unhuelen
- hien / hatt / si
- géif / géing (sech) unhuelen
- mir
- géifen / géingen (eis) unhuelen
- dir
- géift / géingt (iech) unhuelen
- si
- géifen / géingen (sech) unhuelen
Conditionnel · Passé
- ech
- hätt (mech) ugeholl
- du
- häss (dech) ugeholl
- hien / hatt / si
- hätt (sech) ugeholl
- mir
- hätten (eis) ugeholl
- dir
- hätt (iech) ugeholl
- si
- hätten (sech) ugeholl
Imperativ · Present
- du
- huel (dech) un!
- dir
- huelt (iech) un!
Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0
Zeréck an den Dictionnaire →