waarden

Lëtzebuergesch
English
to wait
Français
patienter
Deutsch
warten
Type
VRB
Auxiliary
hunn
Participe passé
gewaart

Aussprooch (IPA)

[vˈaːʀdən]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
warten
Français
attendre; patienter
English
to wait
Português
esperar; aguardar
Nederlands
wachten

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • gewaart
  • waarden
  • waart
  • waarts

Beispillsätz

  1. waart , bis de geruff gëss!

    Bedeitung: attendre; patienter

  2. waart net, bis et ze spéit ass!

    Bedeitung: attendre; patienter

  3. well méi Personal agestallt ginn ass, mussen d'Clienten net méi esou laang op d'Iesse waarden

    Bedeitung: attendre; patienter

  4. mir waarde mam Iessen, bis datt eis Gäscht all ukomm sinn

    Bedeitung: attendre; patienter

  5. an der Klinick sinn ech vun engem Service an deen anere geschéckt ginn an hunn iwwerall misse waarden

    Bedeitung: attendre; patienter

  6. meng Doktesch waart nach op déi lescht Resultater a rifft mech dann un

    Bedeitung: attendre; patienter

  7. du kanns nach laang waarden , bis een der hëllefe kënnt

    Bedeitung: attendre; patienter

  8. op wat waarts de nach?

    Bedeitung: attendre; patienter

Konjugatioun

Infinitiv
waarden
Partizip
gewaart
Hëllefsverb
hunn
Indikativ · Present
ech
waarden
du
waarts
hien / hatt / si
waart
mir
waarden
dir
waart
si
waarden
Indikativ · Passé composé
ech
hu gewaart
du
hues gewaart
hien / hatt / si
huet gewaart
mir
hu gewaart
dir
hutt gewaart
si
hu gewaart
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
hat gewaart
du
has gewaart
hien / hatt / si
hat gewaart
mir
hate gewaart
dir
hat gewaart
si
hate gewaart
Conditionnel · Present
ech
géif / géing waarden
du
géifs / géings waarden
hien / hatt / si
géif / géing waarden
mir
géifen / géinge waarden
dir
géift / géingt waarden
si
géifen / géinge waarden
Conditionnel · Passé
ech
hätt gewaart
du
häss gewaart
hien / hatt / si
hätt gewaart
mir
hätte gewaart
dir
hätt gewaart
si
hätte gewaart
Imperativ · Present
du
waart!
dir
waart!

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →