Zant
Lëtzebuergesch
- English
- tooth [in a jaw]; dentures
- Français
- dent [d'une dentition, d'un dentier]; dentier [prothèse]; dent [d'une scie, d'une couronne dentée]
- Deutsch
- Zahn [eines Gebisses]; Gebiss [Zahnprothese]; Zahn [einer Säge, eines Zahnkranzes]
- Type
- SUBST M
- Plural
- Zänn
- Synonym
- falscht Gebëss; Dentier
- Lex
- falsch Zänn
Bedeitungen an Iwwersetzungen
Bedeitung 1
- Deutsch
- Zahn (eines Gebisses)
- Français
- dent (d'une dentition, d'un dentier)
- English
- tooth (in a jaw)
- Português
- dente (de uma dentadura)
- Nederlands
- tand; kies (deel van het gebit)
Bedeitung 2
- Deutsch
- Gebiss (Zahnprothese)
- Français
- dentier (prothèse)
- English
- dentures
- Português
- dentadura postiça
- Nederlands
- kunstgebit
Synonymer
Dentier · falscht Gebëss
Bedeitung 3
- Deutsch
- Zahn (einer Säge, eines Zahnkranzes)
- Français
- dent (d'une scie, d'une couronne dentée)
- English
- tooth (of a saw, of a sprocket)
- Português
- dente (de uma serra, de uma roda dentada)
- Nederlands
- tand (van een werktuig)
Schreifvarianten
Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.
Beispillsätz
ech hat eng immens Péng am Zant
Bedeitung 1: dent
den Dokter huet en Ofdrock vu mengen Zänn gemaach
Bedeitung 1: dent
beim Haifësch wuessen d'Zänn ëmmer no
Bedeitung 1: dent
vun de Schléiwe kritt ee laang Zänn
Bedeitung 1: dent
eist Jéngst ass granzeg, et mécht grad Zänn
Bedeitung 1: dent
déi Portioun war grad fir den huelen Zant
Bedeitung 1: dent
du muss deenen emol d'Zänn weisen
Bedeitung 1: dent
ech si schonn aus deem Zant eraus
ëmgangssproochlech
Bedeitung 1: dent
un deem Problem hu sech scho méi Heller wéi s du d'Zänn ausgebass
ëmgangssproochlech
Bedeitung 1: dent
de Sportler huet op deene leschte Kilometer op d'Zänn gebass an ass weidergefuer
ëmgangssproochlech
Bedeitung 1: dent
ech vermësse schonn nees meng Zigaretten, ech muss eisem Jéngsten emol op den Zant fillen
ëmgangssproochlech
Bedeitung 1: dent
wann ech nach eng Kéier ze spéit kommen, spréngt mäi Papp mer mam Aasch an d'Zänn
vulgär
Bedeitung 1: dent
ech klaken der eng, datt d'Zänn der am Aasch Piano spillen
vulgär
Bedeitung 1: dent
säit sengem Accident huet hie falsch Zänn
Bedeitung 2: dentier
ech ka meng (falsch) Zänn net undinn, ech hunn de Gumm wond
Bedeitung 2: dentier
et ass en Zant vun der See ofgebrach
Bedeitung 3: dent
d'Zänn vun der Handbrems si ganz ausgeleiert
Bedeitung 3: dent
wat huet deen nees en Zant drop!
ëmgangssproochlech
Bedeitung 3: dent
Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0
Zeréck an den Dictionnaire →