dréien

Lëtzebuergesch
English
to turn over; to shoot; to roll; to turn; to move around; to switch; to make a U-turn; to turn (over); to revolve around
Français
retourner; tourner; rouler; tourner autour de; actionner; faire demi-tour; se tourner
Deutsch
drehen; sich drehen; drehen um; drehen an; wenden; sich drehen um
Type
VRB
Synonym
rotéieren
Auxiliary
hunn
Participe passé
gedréit

Aussprooch (IPA)

[dʀˈɜɪən]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
drehen (herumdrehen, wenden)
Français
tourner; retourner (imprimer un mouvement de rotation à)
English
to turn; to turn over (to rotate)
Português
rodar; virar (fazer andar à roda)
Nederlands
omdraaien; draaien

Bedeitung 2

Deutsch
drehen (filmen)
Français
tourner (filmer)
English
to shoot (a film)
Português
rodar (filmar)
Nederlands
draaien (filmen)

Bedeitung 3

Deutsch
drehen (erzeugen)
Français
fabriquer; faire; rouler (par rotation; une cigarette)
English
to make; to roll (by rolling; a cigarette)
Português
fabricar; fazer; enrolar (torcendo; um cigarro)
Nederlands
draaien (door draaien vervaardigen)

Bedeitung 4

Deutsch
sich drehen (rotieren)
Français
tourner (être en rotation)
English
to turn (to rotate)
Português
girar (estar em rotação)
Nederlands
draaien (roteren)

Bedeitung 5

Deutsch
drehen um (sich bewegen um)
Français
tourner autour de (se mouvoir autour de)
English
to turn around; to move around
Português
girar à volta de (mover-se à volta de)
Nederlands
draaien om (zich bewegen om)

Synonymer

rotéieren

Bedeitung 6

Deutsch
drehen an (betätigen)
Français
tourner; actionner (en tournant)
English
to turn on; to switch
Português
mexer em; manipular (girando)
Nederlands
draaien aan

Bedeitung 7

Deutsch
drehen (die Richtung ändern)
Français
tourner (changer de direction)
English
to turn (to change direction)
Português
virar (mudar de direção)
Nederlands
draaien (van richting veranderen)

Bedeitung 8

Deutsch
drehen; wenden
Français
tourner; faire demi-tour
English
to make a U-turn
Português
virar; fazer meia-volta
Nederlands
keren (omkeren)

Bedeitung 9

Deutsch
sich drehen (sich umdrehen)
Français
se tourner (se retourner, changer de position)
English
to turn (over) (to change position)
Português
virar-se (voltar-se, mudar de posição)
Nederlands
zich draaien (zich omdraaien)

Bedeitung 10

Deutsch
sich drehen (rotieren)
Français
tourner (être en rotation)
English
to turn (to rotate)
Português
girar (estar em rotação)
Nederlands
draaien (roteren)

Bedeitung 11

Deutsch
sich verrenken
Français
se contorsionner
English
to twist and turn
Português
torcer-se; contorcer-se
Nederlands
zich in allerlei bochten wringen

Synonymer

sech verrenken

Bedeitung 12

Deutsch
sich drehen um (handeln von)
Français
tourner autour de (avoir pour sujet)
English
to revolve around (to focus on)
Português
girar em torno de (ter por assunto)
Nederlands
zich draaien om (centraal staan)

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • dréi
  • dréien
  • dréien ëm
  • dréien un
  • dréis
  • dréit
  • gedréit
  • gedréitem
  • gedréiten
  • gedréiter
  • sech dréien
  • sech dréien a kéieren
  • sech dréien ëm

Beispillsätz

  1. ech kréien de Schlëssel net méi am Schlass gedréit

    Bedeitung 1: tourner; retourner

  2. hues de d'Fleesch an der Pan scho gedréit ?

    Bedeitung 1: tourner; retourner

  3. dréi de Saz anescht!

    Bedeitung 1: tourner; retourner

  4. du kanns et dréien a kéieren, wéi s de wëlls, et bleift eng Ligen

    Bedeitung 1: tourner; retourner

  5. dréi wannechgelift de Radio méi lues!

    Bedeitung 1: tourner; retourner

  6. fir d'Autorisatioun ze kréien, hu se sécher eng gedréit !

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: tourner; retourner

  7. wat hu mir der fréier gedréit !

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: tourner; retourner

  8. wéi kréien ech dat gedréit , datt jidderee matmécht?

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: tourner; retourner

  9. déi lescht Zeen vum Film gëtt muer gedréit

    Bedeitung 2: tourner

  10. fréier huet de Bauer seng Seeler selwer gedréit

    Bedeitung 3: fabriquer; faire; rouler

  11. hien dréit sech seng Zigarette selwer

    Bedeitung 3: fabriquer; faire; rouler

  12. wat d'Loft méi bléist, wat d'Wandmille méi séier dréit

    Bedeitung 4: tourner

  13. mir dréien am Krees

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 4: tourner

  14. et dréit mer virun den Aen

    Bedeitung 4: tourner

  15. de Mound dréit ëm d'Äerd an d'Äerd dréit ëm d'Sonn

    Bedeitung 5: tourner autour de

  16. dee Lausbouf geet ëmmer un all Knäppchen dréien

    Bedeitung 6: tourner; actionner

  17. de Wand huet gedréit

    Bedeitung 7: tourner

  18. de Chauffer huet matzen an der Strooss gedréit

    Bedeitung 8: tourner; faire demi-tour

  19. d'Kand ass um Bauch ageschlof, mee et huet sech an der Nuecht op de Réck gedréit

    Bedeitung 9: se tourner

  20. bei him muss de oppassen, en dréit sech dem Wand no

    Bedeitung 9: se tourner

  21. d'Äerdkugel dréit sech ëm hir eegen Achs

    Bedeitung 10: tourner

  22. wat hunn ech mech missen dréien a kéieren, fir dee Läffel ënnerem Schaf erauszekréien!

    Bedeitung 11: se contorsionner

  23. d'Ekipp huet sech missen dréien a kéieren, fir de Projet matzäit fäerdegzekréien

    Bedeitung 11: se contorsionner

  24. doheem dréit sech alles nëmmen ëm mäi Brudder!

    Bedeitung 12: tourner autour de

Konjugatioun

Infinitiv
dréien
Partizip
gedréit
Hëllefsverb
hunn
Indikativ · Present
ech
dréien (mech)
du
dréis (dech)
hien / hatt / si
dréit (sech)
mir
dréien (eis)
dir
dréit (iech)
si
dréien (sech)
Indikativ · Passé composé
ech
hunn (mech) gedréit
du
hues (dech) gedréit
hien / hatt / si
huet (sech) gedréit
mir
hunn (eis) gedréit
dir
hutt (iech) gedréit
si
hunn (sech) gedréit
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
hat (mech) gedréit
du
has (dech) gedréit
hien / hatt / si
hat (sech) gedréit
mir
haten (eis) gedréit
dir
hat (iech) gedréit
si
haten (sech) gedréit
Conditionnel · Present
ech
géif / géing (mech) dréien
du
géifs / géings (dech) dréien
hien / hatt / si
géif / géing (sech) dréien
mir
géifen / géingen (eis) dréien
dir
géift / géingt (iech) dréien
si
géifen / géingen (sech) dréien
Conditionnel · Passé
ech
hätt (mech) gedréit
du
häss (dech) gedréit
hien / hatt / si
hätt (sech) gedréit
mir
hätten (eis) gedréit
dir
hätt (iech) gedréit
si
hätten (sech) gedréit
Imperativ · Present
du
dréi (dech)!
dir
dréit (iech)!

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →