drummen

Lëtzebuergesch
English
Français
Deutsch
Type
VRB
Auxiliary
hunn
Participe passé
gedrummt

Aussprooch (IPA)

[dʀˈumən]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

ëmgangssproochlech

Deutsch
büffeln; pauken
Français
bûcher; bachoter
English
to swot; to cram
Português
empinar (decorar)
Nederlands
blokken; vossen

Synonymer

béchsen · knuppen

Bedeitung 2

ëmgangssproochlech

Deutsch
Überstunden schieben
Français
faire des heures sup
English
to put in overtime
Português
fazer horas extra
Nederlands
overuren maken; overwerken

Bedeitung 3

ëmgangssproochlech

Deutsch
Karten kloppen (Karten spielen)
Français
taper le carton (jouer aux cartes)
English
to play cards
Português
jogar às cartas
Nederlands
een kaartje leggen (kaarten)

Synonymer

Kaarte spillen

Bedeitung 4

Deutsch
dröhnen (Kopf, Ohren)
Français
bourdonner (tête, oreilles)
English
to ring (head, ears)
Português
zumbir (cabeça, ouvidos)
Nederlands
dreunen (hoofd, oren)

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • drumm
  • drummen
  • drumms
  • drummt
  • eng mat der Kaart drummen
  • eng Partie Kaart drummen
  • gedrummt
  • gedrummtem
  • gedrummten
  • gedrummter
  • Iwwerstonnen drummen
  • Kaarten drummen

Beispillsätz

  1. ech hunn de ganze Weekend déi onreegelméisseg englesch Verbe gedrummt

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: bûcher; bachoter

  2. d'Mataarbechter hu vill Iwwerstonne missen drummen , fir matzäit fäerdeg ze ginn

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 2: faire des heures sup

  3. d'Pättere sëtzen de ganze Mëtteg am Bistro, eng mat der Kaart ze drummen

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 3: taper le carton

  4. de Kapp drummt mer vun deem ville Kaméidi

    Bedeitung 4: bourdonner

  5. nom Rockconcert huet et mer nach stonnelaang an den Ouere gedrummt

    Bedeitung 4: bourdonner

Konjugatioun

Infinitiv
drummen
Partizip
gedrummt
Hëllefsverb
hunn
Indikativ · Present
ech
drummen
du
drumms
hien / hatt / si
drummt
mir
drummen
dir
drummt
si
drummen
Indikativ · Passé composé
ech
hu gedrummt
du
hues gedrummt
hien / hatt / si
huet gedrummt
mir
hu gedrummt
dir
hutt gedrummt
si
hu gedrummt
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
hat gedrummt
du
has gedrummt
hien / hatt / si
hat gedrummt
mir
hate gedrummt
dir
hat gedrummt
si
hate gedrummt
Conditionnel · Present
ech
géif / géing drummen
du
géifs / géings drummen
hien / hatt / si
géif / géing drummen
mir
géifen / géingen drummen
dir
géift / géingt drummen
si
géifen / géingen drummen
Conditionnel · Passé
ech
hätt gedrummt
du
häss gedrummt
hien / hatt / si
hätt gedrummt
mir
hätte gedrummt
dir
hätt gedrummt
si
hätte gedrummt
Imperativ · Present
du
drumm!
dir
drummt!

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →