erwëschen

Lëtzebuergesch
English
to catch; to get
Français
attraper
Deutsch
erwischen; erhaschen; sich holen
Type
VRB
Synonym
ze pake kréien; ertappen
Auxiliary
hunn
Participe passé
erwëscht

Aussprooch (IPA)

[ɐvˈəʃən]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
erwischen (zu fassen bekommen)
Français
attraper (saisir, retenir brusquement)
English
to catch (to get hold of)
Português
agarrar (apanhar, reter repentinamente)
Nederlands
grijpen (te pakken krijgen)

Synonymer

ze pake kréien

Bedeitung 2

Deutsch
erwischen (fassen, ertappen)
Français
attraper (appréhender, prendre sur le fait)
English
to catch; to catch (to arrest; in the act)
Português
apanhar (surpreender)
Nederlands
betrappen; arresteren

Synonymer

ertappen

Bedeitung 3

ëmgangssproochlech

Deutsch
erwischen; ergattern; erhaschen
Français
attraper (atteindre de justesse)
English
to catch; to get (a bus, a train; a seat)
Português
apanhar (atingir por pouco)
Nederlands
halen; weten te bemachtigen (bus, trein)

Bedeitung 4

Deutsch
sich holen (eine Krankheit, eine Ohrfeige)
Français
attraper (une maladie, une gifle)
English
to catch; to get (an illness; a slap)
Português
apanhar (uma doença, uma sova)
Nederlands
oplopen; krijgen (een ziekte; een oorvijg)

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • erwësch
  • erwëschen
  • erwëschs
  • erwëscht
  • erwëschtem
  • erwëschten
  • erwëschter

Beispillsätz

  1. de Bauer huet den Hond beim Schwanz erwëscht , wéi deen sech mat der Zoossiss duerch d'Bascht wollt maachen

    Bedeitung 1: attraper

  2. de Papp huet de Bouf béis erwëscht

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: attraper

  3. ech hu mam viischte Pneu den Trottoir erwëscht

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: attraper

  4. et huet hien erwëscht

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 1: attraper

  5. d'Bankraiber goufe kuerz nom Iwwerfall vun der Police erwëscht

    Bedeitung 2: attraper

  6. zwou Schülerinne si beim Knäipen erwëscht ginn

    Bedeitung 2: attraper

  7. mir hunn de Bus vun e Véierel vir aacht nach esou just erwëscht

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 3: attraper

  8. trotz dem ville Gedrécks hunn d'Schwësteren nach zwou Sëtzplazen erwëscht

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 3: attraper

  9. d'Kanner hunn am Wantersport eng Gripp erwëscht

    Bedeitung 4: attraper

  10. de freche Bouf huet vu sengem Papp e puer Gudder erwëscht

    Bedeitung 4: attraper

Konjugatioun

Infinitiv
erwëschen
Partizip
erwëscht
Hëllefsverb
hunn
Indikativ · Present
ech
erwëschen
du
erwëschs
hien / hatt / si
erwëscht
mir
erwëschen
dir
erwëscht
si
erwëschen
Indikativ · Passé composé
ech
hunn erwëscht
du
hues erwëscht
hien / hatt / si
huet erwëscht
mir
hunn erwëscht
dir
hutt erwëscht
si
hunn erwëscht
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
hat erwëscht
du
has erwëscht
hien / hatt / si
hat erwëscht
mir
haten erwëscht
dir
hat erwëscht
si
haten erwëscht
Conditionnel · Present
ech
géif / géing erwëschen
du
géifs / géings erwëschen
hien / hatt / si
géif / géing erwëschen
mir
géifen / géingen erwëschen
dir
géift / géingt erwëschen
si
géifen / géingen erwëschen
Conditionnel · Passé
ech
hätt erwëscht
du
häss erwëscht
hien / hatt / si
hätt erwëscht
mir
hätten erwëscht
dir
hätt erwëscht
si
hätten erwëscht
Imperativ · Present
du
erwësch!
dir
erwëscht!

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →