klappen

Lëtzebuergesch
English
to beat; to hammer in; to comb; to knock; to bang; to work; to applaud; to pick on
Français
battre; enfoncer; parcourir; taper; claquer; aller; applaudir; malmener
Deutsch
schlagen; klopfen; ablaufen; klappern; klappen; (Beifall) klatschen; herumhacken auf
Type
VRB
Synonym
klawéieren; goen; ofklapperen; auslafen; schloen; wichsen
Auxiliary
hunn
Participe passé
geklappt

Aussprooch (IPA)

[klˈɑpən]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
klopfen; schlagen
Français
battre (pour changer la forme ou la consistance)
English
to beat; to break up; to whisk; to beat (to shape iron; stone; egg white)
Português
bater; quebrar (para alterar a forma ou a consistência; pedras)
Nederlands
kloppen; slaan

Bedeitung 2

Deutsch
klopfen (zum Reinigen)
Français
battre (pour épousseter)
English
to beat (a carpet)
Português
bater (para sacudir o pó)
Nederlands
kloppen (om te reinigen)

Bedeitung 3

Deutsch
klopfen (einschlagen)
Français
enfoncer (au marteau)
English
to knock in; to hammer in
Português
pregar (com um martelo)
Nederlands
slaan (met een hamer)

Bedeitung 4

ëmgangssproochlech

Deutsch
abklappern; ablaufen
Français
parcourir (pour trouver)
English
to comb (to search)
Português
bater; percorrer (para encontrar)
Nederlands
aflopen (in diverse winkels een bepaald artikel zoeken)

Synonymer

auslafen · ofklapperen

Bedeitung 5

ëmgangssproochlech

Deutsch
schlagen (besiegen)
Français
battre (vaincre)
English
to hammer; to beat (to defeat)
Português
bater (vencer)
Nederlands
kloppen (winnen van)

Synonymer

wichsen

Bedeitung 6

Deutsch
klopfen (leicht schlagen)
Français
taper (donner une tape, de petits coups)
English
to clap; to knock (on the shoulder; on a door)
Português
bater (dar pancadas leves)
Nederlands
kloppen (zacht slaan)

Bedeitung 7

Deutsch
klappern (klappernde Geräusche machen)
Français
claquer (faire du bruit)
English
to rattle; to bang
Português
bater (fazer barulho)
Nederlands
klapperen (klapperende geluiden maken)

Bedeitung 8

Deutsch
klopfen (pulsieren)
Français
battre (être animé de battements)
English
to beat (to throb, to pound)
Português
bater (pulsar)
Nederlands
kloppen; slaan (pulseren)

Synonymer

schloen

Bedeitung 9

Deutsch
klappen (gelingen, funktionieren)
Français
marcher; aller (réussir; bien se dérouler)
English
to work out; to work (to go as planned; to go well)
Português
correr bem; resultar; dar certo
Nederlands
kloppen (lukken, functioneren)

Synonymer

goen

Bedeitung 10

Deutsch
(in die Hände) klatschen; (Beifall) klatschen
Français
taper dans les mains; applaudir
English
to clap (one's hands); to applaud
Português
bater (as) palmas; aplaudir
Nederlands
(in de handen) klappen

Bedeitung 11

ëmgangssproochlech

Deutsch
herumhacken auf (kritisieren)
Français
fustiger; malmener (critiquer)
English
to attack; to pick on (to criticize)
Português
desancar; cair sobre (criticar)
Nederlands
hakken op (bekritiseren)

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • (an d'Hänn) klappen
  • geklappt
  • geklapptem
  • geklappten
  • geklappter
  • klapp
  • klappen
  • klappen op
  • klapps
  • klappt

Beispillsätz

  1. de Schmadd huet d'Eise mam Hummer an déi richteg Fassong geklappt

    Bedeitung 1: battre

  2. fréier hunn déi aarm Leit Steng geklappt , fir e puer Su ze verdéngen

    Bedeitung 1: battre

  3. fir d'éischt muss dat Wäisst vum Ee zu Schnéi geklappt ginn

    Bedeitung 1: battre

  4. d'Mamm huet d'Teppecher op der Terrass geklappt

    Bedeitung 2: battre

  5. ech hunn en décken Nol an d'Mauer geklappt

    Bedeitung 3: enfoncer

  6. mir hunn all Bijouterie geklappt , fir e Kaddo ze fannen

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 4: parcourir

  7. eis Ekipp huet de Champion mat 5:0 geklappt

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 5: battre

  8. fréier oder spéider klappen ech dech!

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 5: battre

  9. nom Match huet den Trainer dem Stiermer op d'Schëller geklappt

    Bedeitung 6: taper

  10. klapp léiwer (un d'Dier), ier s de eragees!

    Bedeitung 6: taper

  11. ech mengen, et huet (een un d'Dier) geklappt

    Bedeitung 6: taper

  12. déi ganz Nuecht huet eng Lued geklappt

    Bedeitung 7: claquer

  13. esoubal ech hatt gesinn, klappt mäin Häerz méi séier

    Bedeitung 8: battre

  14. wéi ëmmer huet alles wonnerbar geklappt

    Bedeitung 9: marcher; aller

  15. an där Saach do klappt eppes net!

    Bedeitung 9: marcher; aller

  16. wéi ech an d'Hänn geklappt hunn , ass de Kueb fortgeflunn

    Bedeitung 10: taper dans les mains; applaudir

  17. d'Leit hu vu Begeeschterung geklappt

    Bedeitung 10: taper dans les mains; applaudir

  18. d'Oppositioun léisst keng Geleeënheet aus, fir op d'Regierung ze klappen

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 11: fustiger; malmener

  19. schonn an der Schoul gouf nëmmen op dee Bouf geklappt

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 11: fustiger; malmener

Konjugatioun

Infinitiv
klappen
Partizip
geklappt
Hëllefsverb
hunn
Indikativ · Present
ech
klappen
du
klapps
hien / hatt / si
klappt
mir
klappen
dir
klappt
si
klappen
Indikativ · Passé composé
ech
hu geklappt
du
hues geklappt
hien / hatt / si
huet geklappt
mir
hu geklappt
dir
hutt geklappt
si
hu geklappt
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
hat geklappt
du
has geklappt
hien / hatt / si
hat geklappt
mir
hate geklappt
dir
hat geklappt
si
hate geklappt
Conditionnel · Present
ech
géif / géing klappen
du
géifs / géings klappen
hien / hatt / si
géif / géing klappen
mir
géifen / géinge klappen
dir
géift / géingt klappen
si
géifen / géinge klappen
Conditionnel · Passé
ech
hätt geklappt
du
häss geklappt
hien / hatt / si
hätt geklappt
mir
hätte geklappt
dir
hätt geklappt
si
hätte geklappt
Imperativ · Present
du
klapp!
dir
klappt!

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →