mellen

Lëtzebuergesch
English
to inform; to get in touch; to apply; to report
Français
signaler; donner signe de vie; postuler; comparaître
Deutsch
melden; sich melden; sich bewerben; vorstellig werden
Type
VRB
Synonym
sech manifestéieren
Auxiliary
hunn
Participe passé
gemellt

Aussprooch (IPA)

[mˈælən]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
melden (angeben, anzeigen)
Français
annoncer; signaler
English
to announce; to inform
Português
anunciar; sinalizar
Nederlands
melden (aankondigen)

Bedeitung 2

Deutsch
sich melden (von sich hören lassen)
Français
se manifester; donner signe de vie
English
to get in touch
Português
manifestar-se; dar notícias
Nederlands
zich melden (van zich laten horen)

Synonymer

sech manifestéieren

Bedeitung 3

Deutsch
sich bewerben
Français
poser sa candidature; postuler
English
to apply (to make an application)
Português
candidatar-se; concorrer

Bedeitung 4

Deutsch
sich melden; vorstellig werden
Français
se présenter; comparaître
English
to report (to present oneself)
Português
apresentar-se; comparecer
Nederlands
zich melden (zich presenteren)

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • gemellt
  • gemelltem
  • gemellten
  • gemellter
  • mell
  • mellen
  • mells
  • mellt
  • sech mellen

Beispillsätz

  1. de Radio mellt fir muer Kontrollen op de Stroossen

    Bedeitung 1: annoncer; signaler

  2. den Zuch gëtt mat zéng Minutte Verspéidung gemellt

    Bedeitung 1: annoncer; signaler

  3. der Police gouf en Iwwerfall op eng jonk Fra gemellt

    Bedeitung 1: annoncer; signaler

  4. ech melle mech, esoubal wéi ech méi Zäit hunn

    Bedeitung 2: se manifester; donner signe de vie

  5. däi Cousin huet sech scho laang net méi gemellt

    Bedeitung 2: se manifester; donner signe de vie

  6. mäi Mo mellt sech, wann et op Mëtteg zougeet

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 2: se manifester; donner signe de vie

  7. fir dee Posten hu sech vill Leit gemellt

    Bedeitung 3: poser sa candidature; postuler

  8. ech hu wëlles, mech bei d'Arméi ze mellen

    Bedeitung 3: poser sa candidature; postuler

  9. eisen Noper huet sech missen um Policebüro mellen

    Bedeitung 4: se présenter; comparaître

Konjugatioun

Infinitiv
mellen
Partizip
gemellt
Hëllefsverb
hunn
Indikativ · Present
ech
mellen (mech)
du
mells (dech)
hien / hatt / si
mellt (sech)
mir
mellen (eis)
dir
mellt (iech)
si
mellen (sech)
Indikativ · Passé composé
ech
hunn (mech) gemellt
du
hues (dech) gemellt
hien / hatt / si
huet (sech) gemellt
mir
hunn (eis) gemellt
dir
hutt (iech) gemellt
si
hunn (sech) gemellt
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
hat (mech) gemellt
du
has (dech) gemellt
hien / hatt / si
hat (sech) gemellt
mir
haten (eis) gemellt
dir
hat (iech) gemellt
si
haten (sech) gemellt
Conditionnel · Present
ech
géif / géing (mech) mellen
du
géifs / géings (dech) mellen
hien / hatt / si
géif / géing (sech) mellen
mir
géifen / géingen (eis) mellen
dir
géift / géingt (iech) mellen
si
géifen / géingen (sech) mellen
Conditionnel · Passé
ech
hätt (mech) gemellt
du
häss (dech) gemellt
hien / hatt / si
hätt (sech) gemellt
mir
hätten (eis) gemellt
dir
hätt (iech) gemellt
si
hätten (sech) gemellt
Imperativ · Present
du
mell (dech)!
dir
mellt (iech)!

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →