passen
Lëtzebuergesch
- English
- to fit; to go with; to be convenient for; to pass; to be done
- Français
- aller (à); être (bien) assorti; arranger; passer (son tour); être convenable; passer (à)
- Deutsch
- passen; sich schicken
- Type
- VRB
- Synonym
- goen; sech gehéieren; zouspillen; arrangéieren
- Auxiliary
- hunn
- Participe passé
- gepasst
Bedeitungen an Iwwersetzungen
Bedeitung 1
- Deutsch
- passen (in Größe und Form)
- Français
- aller (à) (avoir la taille, la forme adaptée)
- English
- to fit (to be the right size)
- Português
- servir; dar (ter o tamanho, a forma adaptada)
- Nederlands
- passen (wat maat en vorm betreft)
Bedeitung 2
- Deutsch
- passen (harmonieren)
- Français
- aller (bien); être (bien) assorti
- English
- to match; to suit; to go with
- Português
- condizer; ficar (bem); estar (bem)
- Nederlands
- passen (staan, harmoniëren)
Bedeitung 3
- Deutsch
- passen (recht sein)
- Français
- aller à; convenir à; arranger
- English
- to suit; to be convenient for
- Português
- convir a; dar jeito a
- Nederlands
- passen (schikken)
Synonymer
arrangéieren · goen
Bedeitung 4
- Deutsch
- passen (bei einem Gesellschaftsspiel)
- Français
- passer (son tour) (au jeu)
- English
- to pass (to forgo one's turn in a game)
- Português
- passar (a sua vez) (num jogo de sociedade)
- Nederlands
- passen (bij een gezelschapsspel)
Bedeitung 5
- Deutsch
- sich gehören; sich schicken
- Français
- se faire; être convenable
- English
- to befit; to be done (to be good form)
- Português
- fazer-se; ser conveniente
- Nederlands
- betamen ((be)horen)
Synonymer
sech gehéieren
Bedeitung 6
- Deutsch
- passen (zuspielen)
- Français
- passer (à) (le ballon)
- English
- to pass (the ball)
- Português
- passar (a) (a bola)
- Nederlands
- passen ((de bal) toespelen)
Synonymer
zouspillen
Schreifvarianten
Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.
- gepasst
- gepasstem
- gepassten
- gepasster
- pass
- passen
- passt
- sech passen
Beispillsätz
dës Schong passe mer net, se sinn eng Nummer ze kleng
Bedeitung 1: aller (à)
de Schlëssel, deen s de mer ginn hues, passt net op d'Dier
Bedeitung 1: aller (à)
dee Stopp passt perfekt op dës Fläsch!
Bedeitung 1: aller (à)
deng brong Schong passen net bei däi Kostüm
Bedeitung 2: aller (bien); être (bien) assorti
dat modernt Gebai passt net an de Kader vun der Alstad
Bedeitung 2: aller (bien); être (bien) assorti
dir zwee Eefalte passt gutt beieneen!
Bedeitung 2: aller (bien); être (bien) assorti
passt et Iech, fir e Samschdeg bei eis iessen ze kommen?
Bedeitung 3: aller à; convenir à; arranger
dat géif dir esou passen !
IRON
Bedeitung 3: aller à; convenir à; arranger
ech hu keng gutt Kaarten, ech passen !
Bedeitung 4: passer (son tour)
bei deem Plat passen ech, soss packen ech keen Dessert!
ëmgangssproochlech
Bedeitung 4: passer (son tour)
hie weess guer net, wat sech passt !
Bedeitung 5: se faire; être convenable
dat passt sech net!
Bedeitung 5: se faire; être convenable
de Stiermer huet engem Matspiller de Ball gepasst
Bedeitung 6: passer (à)
Konjugatioun
- Infinitiv
- passen
- Partizip
- gepasst
- Hëllefsverb
- hunn
Indikativ · Present
- ech
- passen
- du
- pass
- hien / hatt / si
- passt (sech)
- mir
- passen
- dir
- passt
- si
- passen (sech)
Indikativ · Passé composé
- ech
- hu gepasst
- du
- hues gepasst
- hien / hatt / si
- huet (sech) gepasst
- mir
- hu gepasst
- dir
- hutt gepasst
- si
- hunn (sech) gepasst
Indikativ · Plus-que-parfait
- ech
- hat gepasst
- du
- has gepasst
- hien / hatt / si
- hat (sech) gepasst
- mir
- hate gepasst
- dir
- hat gepasst
- si
- haten (sech) gepasst
Conditionnel · Present
- ech
- géif / géing passen
- du
- géifs / géings passen
- hien / hatt / si
- géif / géing (sech) passen
- mir
- géifen / géinge passen
- dir
- géift / géingt passen
- si
- géifen / géingen (sech) passen
Conditionnel · Passé
- ech
- hätt gepasst
- du
- häss gepasst
- hien / hatt / si
- hätt (sech) gepasst
- mir
- hätte gepasst
- dir
- hätt gepasst
- si
- hätten (sech) gepasst
Imperativ · Present
- du
- pass!
- dir
- passt!
Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0
Zeréck an den Dictionnaire →