quëtschen

Lëtzebuergesch
English
to pinch; to squeeze oneself; to retrench
Français
coincer; se presser; se serrer la ceinture
Deutsch
quetschen; sich quetschen; kurztreten
Type
VRB
Auxiliary
hunn
Participe passé
gequëtscht

Aussprooch (IPA)

[kwˈətʃən]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
quetschen (verletzen)
Français
coincer (se faire mal en se coinçant)
English
to catch; to pinch (to injure)
Português
trilhar; entalar (magoar)
Nederlands
bekneld raken

Bedeitung 2

Deutsch
sich zwängen; sich quetschen
Français
se serrer; se presser
English
to squeeze oneself (into a narrow space)
Português
apertar-se; cerrar-se
Nederlands
zich naar binnen persen

Bedeitung 3

ëmgangssproochlech

Deutsch
sich einschränken; kurztreten
Français
se serrer la ceinture
English
to tighten one's belt; to retrench
Português
apertar o cinto (passar privações)
Nederlands
de buikriem aanhalen (zuiniger zijn)

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • gequëtscht
  • gequëtschtem
  • gequëtschten
  • gequëtschter
  • quëtsch
  • quëtschen
  • quëtschs
  • quëtscht
  • sech quëtschen

Beispillsätz

  1. ech hu mer de Fanger an der Dier gequëtscht

    Bedeitung 1: coincer

  2. hien huet sech gequëtscht , wéi en den Tirang zougemaach huet

    Bedeitung 1: coincer

  3. d'Hotelzëmmer war propper, mee mer hunn eis misse quëtschen

    Bedeitung 2: se serrer; se presser

  4. däi klenge Brudder ka sech nach tëschent eis quëtschen

    Bedeitung 2: se serrer; se presser

  5. ech ginn net gär op d'Braderie, well ech keng Loscht hunn, mech duerch d'Leit ze quëtschen

    Bedeitung 2: se serrer; se presser

  6. wéi mer jonk bestuet waren, hu mer eis schéi misse quëtschen !

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 3: se serrer la ceinture

Konjugatioun

Infinitiv
quëtschen
Partizip
gequëtscht
Hëllefsverb
hunn
Indikativ · Present
ech
quëtschen (mech)
du
quëtschs (dech)
hien / hatt / si
quëtscht (sech)
mir
quëtschen (eis)
dir
quëtscht (iech)
si
quëtschen (sech)
Indikativ · Passé composé
ech
hunn (mech) gequëtscht
du
hues (dech) gequëtscht
hien / hatt / si
huet (sech) gequëtscht
mir
hunn (eis) gequëtscht
dir
hutt (iech) gequëtscht
si
hunn (sech) gequëtscht
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
hat (mech) gequëtscht
du
has (dech) gequëtscht
hien / hatt / si
hat (sech) gequëtscht
mir
haten (eis) gequëtscht
dir
hat (iech) gequëtscht
si
haten (sech) gequëtscht
Conditionnel · Present
ech
géif / géing (mech) quëtschen
du
géifs / géings (dech) quëtschen
hien / hatt / si
géif / géing (sech) quëtschen
mir
géifen / géingen (eis) quëtschen
dir
géift / géingt (iech) quëtschen
si
géifen / géingen (sech) quëtschen
Conditionnel · Passé
ech
hätt (mech) gequëtscht
du
häss (dech) gequëtscht
hien / hatt / si
hätt (sech) gequëtscht
mir
hätten (eis) gequëtscht
dir
hätt (iech) gequëtscht
si
hätten (sech) gequëtscht
Imperativ · Present
du
quëtsch (dech)!
dir
quëtscht (iech)!

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →