ruffen

Lëtzebuergesch
English
to call; to call out; to yell; to invite; to shout; to call for; to call for help
Français
appeler; lancer; crier; réclamer; appeler à l'aide
Deutsch
rufen; vorladen; einladen; verlangen nach; um Hilfe rufen
Type
VRB
Synonym
alueden
Auxiliary
hunn
Participe passé
geruff

Aussprooch (IPA)

[ʀˈufən]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
rufen (herbeirufen)
Français
appeler (à haute voix)
English
to call (to shout for)
Português
chamar (em voz alta)
Nederlands
roepen ((naar) iemand)

Bedeitung 2

Deutsch
rufen (kommen lassen)
Français
appeler (faire appel à)
English
to call; to call out (to have come, to summon)
Português
chamar (fazer vir até si)
Nederlands
roepen (laten komen)

Bedeitung 3

Deutsch
rufen (schreien, ausrufen)
Français
crier; lancer (en criant)
English
to shout; to yell
Português
gritar; lançar (gritando)
Nederlands
roepen (schreeuwen)

Bedeitung 4

Deutsch
vorladen
Français
appeler (citer, convoquer)
English
to call (as a witness)
Português
chamar (citar, convocar)
Nederlands
oproepen

Bedeitung 5

Deutsch
einladen (bitten zu kommen)
Français
inviter; appeler (comme invité)
English
to invite
Português
convidar; chamar (dirigir um convite a)
Nederlands
uitnodigen

Synonymer

alueden

Bedeitung 6

Deutsch
rufen
Français
crier (pour attirer l'attention)
English
to call; to shout
Português
gritar (para chamar a atenção)
Nederlands
roepen (luid om aandacht vragen)

Bedeitung 7

Deutsch
rufen nach; verlangen nach
Français
demander; réclamer (en criant)
English
to call for (to cry for)
Português
chamar por; berrar por (por ter saudades de)
Nederlands
roepen om ((dringend) verlangen naar)

Bedeitung 8

Deutsch
um Hilfe rufen
Français
appeler à l'aide
English
to call for help
Português
chamar por socorro
Nederlands
om hulp roepen

Hiweiser zum Gebrauch

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • ëm Hëllef ruffen
  • geruff
  • riffs
  • rifft
  • ruff
  • ruffen
  • ruffen no
  • rufft

Beispillsätz

  1. ruff mech, wann d'Iesse fäerdeg ass!

    Bedeitung 1: appeler

  2. lauschter, et rifft een dech!

    Bedeitung 1: appeler

  3. ruff mech muer um sechs Auer!

    Bedeitung 1: appeler

  4. ech gouf ëmmer anescht geruff ewéi meng Eltere mech gedeeft haten

    Bedeitung 1: appeler

  5. wéinst der Kläpperei huet de Wiert d'Police geruff

    Bedeitung 2: appeler

  6. bei där Péng häss de besser, den Dokter ze ruffen

    Bedeitung 2: appeler

  7. du kënns ewéi geruff !

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 2: appeler

  8. wat rifft d'Madamm op där anerer Stroossesäit?

    Bedeitung 3: crier; lancer

  9. de Bouf huet nach e puer Frechheete geruff a fort war en!

    Bedeitung 3: crier; lancer

  10. ech sinn als Zeie geruff ginn

    Bedeitung 4: appeler

  11. weess de schonn, wien s de alles op deng Party wëlls ruffen ?

    Bedeitung 5: inviter; appeler

  12. du kanns mech ruffen , ech kommen net!

    Bedeitung 5: inviter; appeler

  13. lauschter, et rifft een dobaussen!

    Bedeitung 6: crier

  14. ruff méi haart, soss héiert keen dech!

    Bedeitung 6: crier

  15. ech muss goen, d'Aarbecht rifft

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 6: crier

  16. et gëtt nach dräimol geruff an da gëtt zougeschloen!

    ëmgangssproochlech

    Bedeitung 6: crier

  17. den éischten Dag an der Spillschoul huet d'Kand de ganze Moien no senger Mamm geruff

    Bedeitung 7: demander; réclamer

  18. de Verwonnten huet laang ëm Hëllef geruff , ier een en héieren huet

    Bedeitung 8: appeler à l'aide

Konjugatioun

Infinitiv
ruffen
Partizip
geruff
Hëllefsverb
hunn
Indikativ · Present
ech
ruffen
du
riffs
hien / hatt / si
rifft
mir
ruffen
dir
rufft
si
ruffen
Indikativ · Passé composé
ech
hu geruff
du
hues geruff
hien / hatt / si
huet geruff
mir
hu geruff
dir
hutt geruff
si
hu geruff
Indikativ · Plus-que-parfait
ech
hat geruff
du
has geruff
hien / hatt / si
hat geruff
mir
hate geruff
dir
hat geruff
si
hate geruff
Conditionnel · Present
ech
géif / géing ruffen
du
géifs / géings ruffen
hien / hatt / si
géif / géing ruffen
mir
géifen / géinge ruffen
dir
géift / géingt ruffen
si
géifen / géinge ruffen
Conditionnel · Passé
ech
hätt geruff
du
häss geruff
hien / hatt / si
hätt geruff
mir
hätte geruff
dir
hätt geruff
si
hätte geruff
Imperativ · Present
du
ruff!
dir
rufft!

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →