Welt

Lëtzebuergesch
English
universe; world [part of the universe]; world [earth]; world [humanity]; region [field of activity]; world [reality, existence]
Français
univers; monde [composant de l'univers]; monde [terre]; monde [humanité]; domaine; existence
Deutsch
Welt [Universum]; Welt [Teil des Universums]; Welt [Erde]; Welt [Menschheit]; Reich; Wirklichkeit
Type
SUBST F

Aussprooch (IPA)

[vælt]

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
Welt (Universum)
Français
monde; univers
English
world; universe
Português
mundo (Universo)
Nederlands
wereld (heelal, universum)

Bedeitung 2

Deutsch
Welt (Teil des Universums)
Français
monde (composant de l'univers)
English
world (part of the universe)
Português
mundo (parte do Universo)
Nederlands
wereld (deel van het universum)

Bedeitung 3

Deutsch
Welt (Erde)
Français
monde (terre)
English
world (earth)
Português
mundo (Terra)
Nederlands
wereld (aarde)

Bedeitung 4

Deutsch
auf die Welt kommen (geboren werden)
Français
naître; venir au monde
English
to be born
Português
nascer; vir ao mundo
Nederlands
ter wereld komen (geboren worden)

Synonymer

gebuer ginn · gebuer sinn

Bedeitung 5

Deutsch
in die Welt setzen
Français
mettre au monde
Português
pôr no mundo
Nederlands
ter wereld brengen; in omloop brengen (een kind; een gerucht)

Bedeitung 6

Deutsch
Welt (Menschheit)
Français
monde (humanité)
English
world (humanity)
Português
mundo (humanidade)
Nederlands
wereld (mensheid)

Bedeitung 7

Deutsch
Welt; Milieu; Bereich
Français
monde; milieu; secteur
English
world; region (field of activity)
Português
mundo; meio; setor
Nederlands
wereld; gebied

Bedeitung 8

vereelzt

Deutsch
Dritte Welt
Français
tiers-monde
Português
Terceiro Mundo
Nederlands
derde wereld

Synonymer

Entwécklungslänner

Bedeitung 9

Deutsch
Welt (Dasein, Wirklichkeit)
Français
monde (réalité, existence)
English
world (reality, existence)
Português
mundo (realidade, existência)
Nederlands
wereld (realiteit, bestaan)
Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • an d'Welt setzen
  • Drëtt Welt
  • op d'Welt kommen
  • op d'Welt setzen
  • Welt
  • Welten

Beispillsätz

  1. vill Leit gleewen haut nach drun, datt den Herrgott d'Welt a siwen Deeg erschafen huet

    Bedeitung 1: monde; univers

  2. wéinst esou enger Klengegkeet geet d'Welt net ënner

    Bedeitung 1: monde; univers

  3. esou en Apparat kascht net d'Welt

    Bedeitung 1: monde; univers

  4. hie géing net matgoe fir alles an der Welt

    Bedeitung 1: monde; univers

  5. d'Astronome sichen no neie Welten am Universum

    Bedeitung 2: monde

  6. tëschent hinne leie Welten

    Bedeitung 2: monde

  7. mir brauchen net bis un d'Enn vun der Welt ze fueren, heiheem ass et och schéin

    Bedeitung 3: monde

  8. dat ass net aus der Welt

    Bedeitung 3: monde

  9. do ass d'Welt mat Brieder zougeneelt

    Bedeitung 3: monde

  10. hie wunnt um Aasch vun der Welt

    graff

    Bedeitung 3: monde

  11. eisen Enkel ass d'lescht Woch op d'Welt komm

    Bedeitung 4: naître; venir au monde

  12. wéini ass äre Puppelchen op d'Welt komm?

    Bedeitung 4: naître; venir au monde

  13. als Hiewan hunn ech gehollef, en ettlech Kanner op d'Welt setzen

    Bedeitung 5: mettre au monde

  14. wien huet dat Gerücht an d'Welt gesat?

    Bedeitung 5: mettre au monde

  15. esou eng Erfindung huet d'Welt bis elo net gesinn

    Bedeitung 6: monde

  16. d'hallef Welt huet no dir gefrot

    Bedeitung 6: monde

  17. hien ass vu Gott an der Welt verlooss

    Bedeitung 6: monde

  18. si hu sech virun aller Welt zerschloen

    Bedeitung 6: monde

  19. meng Aarbechtskolleegin interesséiert sech fir all Neiegkeeten aus der Welt vum Sport

    Bedeitung 7: monde; milieu; secteur

  20. fir seng Elteren ass eng Welt zesummegebrach, wéi hien den Examen net gepackt huet

    Bedeitung 7: monde; milieu; secteur

  21. Musek ass seng Welt

    Bedeitung 7: monde; milieu; secteur

  22. Länner aus der Drëtter Welt ginn haut Entwécklungslänner genannt

    vereelzt

    Bedeitung 8: tiers-monde

  23. haut ass d'Welt eng aner ewéi viru 50 Joer

    Bedeitung 9: monde

  24. reeg dech net op, eleng kanns de d'Welt net änneren!

    Bedeitung 9: monde

  25. mir mussen dee Mëssel aus der Welt schafen

    Bedeitung 9: monde

  26. et ass eng elle Welt

    Bedeitung 9: monde

  27. hien hält sech fir den Nuebel vun der Welt

    Bedeitung 9: monde

  28. du gëss der Welt Stéiss!

    Bedeitung 9: monde

  29. ech verstinn d'Welt net méi!

    Bedeitung 9: monde

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →